Radioen

On air

Notturno  |  Allegra Krieger - Lingering

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2019 goufen et manner Verkéiersdoudeger

Verkéiersaccidenter

2019 goufen et manner Verkéiersdoudeger

22 Mënschen hunn 2019 hiert Liewen op de Lëtzebuerger Stroosse verluer: dat ass een historesch niddregen Niveau. De Mobilitéitsminister François Bausch huet vun enger "gudder Nouvelle" geschwat. D'Association nationale des victimes de la route hofft, datt et an den nächste Jore bei méi enger niddreger Zuel vu Verkéiersdoudege bleift.

auto_stories

3 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


De François Bausch huet am 100,7-Interview vun enger "gudder Nouvelle" geschwat: et geséich een, datt den Aktiounsplang fir Verkéierssécherheet - mat och repressive Mesurë - kloer seng Wierkung géif weisen. Dem Mobilitéitsminister no géif et een Zil bleiwe fir d'Zuel vun de Verkéiersdoudege weider ze reduzéieren, d'Tendenz géif awer an eng gutt Richtung goen.

De François Bausch ënnersträicht, datt een nach net op der gewonnener Säit wier. "Dat ass esou bei der Verkéierssécherheet, do muss ee permanent hannendru bleiwen." D'Zil wier et fir eng Reduktioun vu 50 Prozent vu Verkéiersdoudeger ze komme par rapport zu 2000. "Dann dierfte mer bis Enn 2020 net iwwer 19 Doudeger kommen", esou de Mobilitéitsminister.

Vision zero

Datt een 2019 no un dëst Zil eru komm wier géif weisen, datt een Duerchgräife Wierkung hätt, betount de François Bausch. Dat anert grouss Zil wier nach ëmmer d'Vision zero mat kengem Doudesaffer op de Stroosse méi, erkläert de Minister.

Bis dohi wier et awer nach ee wäite Wee, gëtt de François Bausch ze bedenken. "Do musse mer weiderfuere mat verschiddene Mesuren, déi éischter repressiv sinn." Als Beispill nennt de Mobilitéitsminister de Rout-Luuchte-Radar, deen dëst Joer nach komme soll.

Donieft missten dem Mobilitéitsminister no Mesurë geholl gi fir d'Stroossen nei ze designen, fir méi Sécherheet fir d'Vëlosfuerer a fir d'Foussgänger ze erreechen. Dat soll ënner anerem iwwer Vitessreduktiounen, 30er Zonen a Shared space erreecht ginn, déi an Zukunft eng gréisser Roll géife spillen.

Wéi vill Leit goufe schwéier blesséiert?

Den AVR-President Raymond Schintgen mengt, datt een um richtege Wee wier, wat d'Mesuren uginn. D'Association nationale des victimes de la route hofft, datt et an den nächste Jore bei méi enger niddreger Zuel vu Verkéiersdoudege bleift, "net datt mer d'nächst Joer erëm eng Iwwerraschung kréien".


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Fir de Raymond Schintgen stellt sech awer d'Fro vun de Schwéierblesséierten: "Do sinn ech awer nach gespaant, wat d'Resultat wäert ginn. Ech mengen dat wäert awer erschreckend sinn, dat ass dat, wat eis nach ganz grouss Suerge mécht."

Radaren: Ee positiven Impakt

Als ee Grond fir manner Verkéiersdoudeger d'lescht Joer nennt de President vun der AVR d'Radaren. Et hätt sech bei de Leit ronderëm geschwat, datt et kee Sënn méi géif maache fir séier ze fueren a sech net un d'Vitessen ze halen. Dat géif och déi Leit bestätegen, déi dës Mesuren als richteg gesinn hunn, an net déi, déi gemengt hunn, dat wier just fir d'Staatskeess ze fëllen.

Den AVR-President Raymond Schintgen bleift och bei senger Fuerderung vun null Promill am Stroosseverkéier.

2018 louch d'Zuel vun de Schwéierblesséierte bei iwwer 270. Dee komplette Bilan vun de Verkéiersaccidenter vun 2019 wëllt de Ministère am Mee presentéieren.