Den Eventsecteur an der Kris "Et gi laang Méint"

Ee vun de Secteuren dee massiv vun der Coronakris getraff gouf, ass dee vum Evenementiel. Well Eenegkeet staark mëscht, hunn d'Acteuren elo d'Associatioun LEA gegrënnt - iwwer dee Wee kann een op Problemer an - an no der Kris opmierksam maachen.

Sophie Morang / cz

schroeder.JPG
Foto: Corinne Jamet

Lauschtert de ganzen Interview vum Sophie Morang mam Charles Schroeder


D'Veronsécherung am Secteur wier grouss: "Mir wëssen net, wéini a wéi et weider geet", seet de Charles Schroeder, de President vun der Associatioun LEA. Hei hu sech elo d'Firmen aus dem Evenementiel regroupéiert. LEA seet, dass zu Lëtzebuerg 120 Entreprisen am Beräich schaffen. Si géifen eng 3.000 Leit regroupéieren.

"Éischt Evenementer goufe schonn am Februar ofgesot", erzielt de Charles Schroeder. Et géif een elo op eng Reprise am September hoffen, sécher wier aktuell awer nach näischt. "Et gi laang Méint, wann een herno 6 oder 9 Méint keng Recetten huet", sou de President vun LEA. Wuel wieren déi staatlech Hëllefen net schlecht, si kéinten natierlech awer a kengem Fall de Verdéngschtausfall kompenséieren.

Sech nei erfannen

De Secteur misst elo verstoen, wéi Evenementer an der Zukunft organiséiert ginn. De virtuelle Beräich géif do nei Piste liwweren. Fir de Charles Schroeder ass awer kloer, datt dat ni wäert d'Zesummekomme vun de Mënschen ersetzen. Hien hofft dowéinst, datt grouss Manifestatioune geschwënn erëm méiglech sinn.

Méi zum Thema

Illustratioun Fliger bannen
National Airline

Vun haut Freideg u geet de reguläre Passagéierbetrib um Findel nees op. D'Luxair flitt an enger éischter Phas siwen Destinatiounen un. D'Nofro wier grouss, esou déi Responsabel den Donneschdeg virun der Press.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen