Chômage Aarbechtsmarché: "Et ginn éischt negativ Signaler"
Éischt Signaler deiten drop hin, datt de Chômage an de nächste Méint kéint an d'Luucht goen, seet d'Direktesch vun der ADEM.

De Chômagetaux zwar géif zwar weider ënner 5 Prozent léien, an et wieren am Moment och bal 13.000 oppen Aarbechtsplaze bei der ADEM gemellt, seet d'Isabelle Schlesser. "Dat ass e Rekordniveau", seet d'Direktesch vun der ADEM.
A verschidde Secteure géifen awer mëttlerweil manner Aarbechtsplazen ausgeschriwwe ginn, ewéi nach virun a puer Méint. Dat wär ënner anerem am Bausecteur de Fall, seet d'Direktesch vun der ADEM:
"Do ass et effektiv esou, datt mer vill manner Offere gemellt kréien. An dat sinn elo déi éischt Signaler vun der Situatioun, wéi mer se elo hunn: mat enger ganz héijer Inflatioun, mat och nach ëmmer Liwwerenkpäss a Material, wat net do ass."