Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2021 gouf et manner Abréch, mee méi Iwwerfäll mat Gewalt

Police-Statistiken

2021 gouf et manner Abréch, mee méi Iwwerfäll mat Gewalt

Allgemeng wier 2021 e schwieregt Joer fir d'Police gewiescht, sot de Minister Henri Kox. Wéinst de Corona Restriktiounen hätt et méi Konflikter tëscht der Police an de Bierger ginn, a méi Fäll vu Rebellioun géint d'Police.

auto_stories

2 min

Zejoert gouf et manner Abréch zu Lëtzebuerg, mee méi Iwwerfäll mat Gewalt. Dat weisen d'Police-Statistike fir 2021. Déi nei Zuele goufen de Moien a Presenz vum Minister fir d'bannenzegt Sécherheet Henri Kox virgestallt.

Wat d'Abréch ugeet, huet och zejoert d'Pandemie bewierkt, datt d'Leit méi Doheem waren, an dofir manner agebrach gouf, sou d'Police.

Méi arméiert Iwwerfäll mat Gewalt

Déi arméiert Iwwerfäll, virun allem op Bensinnsstatiounen, sinn awer geklommen, där gouf et aacht Stéck zejoert. An et gouf däitlech méi Iwwerfäll mat Gewalt. Do goufe 505 Fäll notéiert - 85 méi wéi d'Joer virdrun.

Haaptsächlech an der Stad Lëtzebuerg wier et eng ganz Serie ginn, wou Ketten an Auere geklaut gi sinn. De Gros vun den Täter hätt d'Police identifizéiert an interpelléiert, sou den Direkter vun der administrativer Police, Pascal Peters.

Méi Plainte wéinst Menacen, Diffamation a Beleidegungen

De géigesäitege Respekt an der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg hëlt of. Dat geet och aus de Police-Statistike fir 2021 ervir. D'Zuel vu Menacen, Diffamatiounen a Beleidegungen ee vis vis deem anere wier an de leschte fënnef Joer konstant geklommen, sou de Pascal Peters.

"Et gëtt vill méi oft Plainte gefouert an d'Leit ginn och vill méi oft Affer vun Diffamatioun, Calomnie an Injuren. Och iwwer Online an sou weider. Dat ass eng Tendenz déi ee gesäit, datt dat eropgeet."