Radioen

On air

Trendscheif  |  Corridor - Jump Cut

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nancy Kemp-Arendt: Petitioune sinn "d'Häerz vum Vollek"

Chamber

Nancy Kemp-Arendt: Petitioune sinn "d'Häerz vum Vollek"

Och wann e Referendum iwwer d'Verfassung politesch vum Dësch ass, wier den Debat public an der Chamber iwwer d'Petitioun 2007 haut net iwwerflësseg, esou d'Nancy Kemp-Arendt. Petitioune wieren opschlossräiche Barometer vun deem, wat d'Leit beschäftegt.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

Nach ni huet eng Petitioun méi Zoustëmmung kritt wéi déi sougenannten "E Referendum iwwer ons Verfassungsreform". 18.645 Ënnerschrëfte goufen um Enn validéiert - awer keng Garantie, datt d'Fuerderung och erfëllt gëtt.

Och wann e Referendum iwwer d'Verfassung politesch vum Dësch ass, wier den Debat public an der Chamber iwwer d'Petitioun 2007 haut net iwwerflësseg, esou d'Nancy Kemp-Arendt.

D'Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun weist drop hin, datt den Auteur vun där Petitioun jo net just e Referendum, mee och eng breet Informatiounscampagne iwwer déi nei Constitutioun gefrot hätt. An engem Sondage hätte 70 Prozent vun de Leit uginn, net ze wëssen, wat d'Verfassung wier. Do misst d'Chamber elo zur Conclusioun kommen "datt mer d'Leit besser mussen informéieren (...) an dat wa méiglech an 3 Sproochen".

Grondsätzlech gesäit d'CSV-Deputéiert an der d'Petitioun e wäertvollt Instrument vun direkter Demokratie an en opschlossräiche Barometer vun deem, wat d'Leit beschäftegt a bedréckt:

"Et mierkt een, datt d'Petitioune wierklech d'Häerz vum Vollek sinn. Et ass de Bols. Eng momentan Opnam vun deem, wéi d'Vollek denkt. An dofir fannen ech et en extreemst wichtegt Instrument, datt d'Leit hei kënnen deen einfache Wee vun Demokratie ... et gëtt eis jo dacks de Virworf gemaach mir wieren ze wäit ewech vum Bierg ... hei ass wierklech eng ganz einfach Aart a Weis fir mat hire Politiker ze schwätzen, a fir och Drock op se ze maachen."