Subsiden Trotz héijen Zënsen: Kee Réckgang bei energetesche Sanéierungen

Trotz de méi héijen Zënsen loossen weiderhi vill Leit hir Haiser energetesch sanéieren. Dat sot de Steve Weyland vum Ordre des Architectes am 100,7-Interview.

Rick Mertens / cbi

Steve Weyland
De Steve Weyland begleet als Architekt energetesch Sanéierunge vun Haiser

Den Trend bei Sanéierunge wier deemno en anere wéi bei Neibauten: Wärend manner nei Haiser gebaut ginn, wier bei Ëmstellunge vu méi alen Haiser bis elo kee Réckgang ze spieren.

De Steve Weyland féiert dat drop zeréck, datt d'Leit déi sanéieren, schonn en Haus hunn, dat se opwäerten. Den Investissement ass deemno manner grouss.

Et misst een allerdéngs deelweis laang waarden, bis dat néidegt Material fir eng Sanéierung geliwwert gëtt, seet de Steve Weyland.

"An ech mengen datt de Ministère do och relativ gutt drop reagéiert huet, a gesot huet: Fir all déi Mesuren déi dëst Joer geplangt gi, gëllen déi zousätzlech Subventiounen, déi elo a Kraaft trieden - och wann d'Mesuren dëst Joer net ausgefouert ginn. Mee wann se dëst Joer mat der Entreprise ofgeschloss ginn, da kënnen d'Leit dovu profitéieren."

Dëst Joer gëllen zum Beispill méi héich Subventioune fir Solaranlagen, Wäermepompelen, an méi effikass Isolatiounen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Wärmepompel
Wärmepompel a Photovoltaik

E Mëttwoch huet de Claude Turmes de Bilan vum Energieverbrauch gemaach, an op verstäerkt Subventiounen opmierksam gemaach. D'Energietransitioun acceleréieren a Stroum a Gas spueren - dat war den Haaptmessage.

Fenn Faber
Energie

Duerch den Ukrain-Krich an d'Energiekris maache méi Leit wéi jee sech Gedanken iwwer e méi Energie-effizient Doheem. Dat mierkt ee bei der Klima-Agence un der grousser Nofro an Delaien.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen