Radioen

On air

De Moien  |  The Detroit Spinners - It's a Shame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos-Generaldirekter geet vun engem stabillen héijen Niveau aus

Invité vum Dag

Enovos-Generaldirekter geet vun engem stabillen héijen Niveau aus

De Generaldirekter vun Enovos mengt net, datt de Konflikt tëscht Russland an der Ukrain zu Enkpäss bei der Versuergung mat Gas kéint féieren. Am 100,7-Interview sot den Erik von Scholz, hie géif éischter dovun ausgoen, datt de Gas-Marché sech duerch déi aktuell Kris méi staark wäert globaliséieren.

auto_stories

2 min

De Gas-Präis huet sech bannent engem Joer méi wéi verduebelt. Dat hätt ëmmer nach mat där extrem staarker weltwäiter Demande ze dinn, déi et zanter der Reprise no der Corona-Paus gëtt, seet de Generaldirekter vun Enovos, dem gréisste Lëtzebuerger Energie-Fournisseur.

Den Erik von Scholz seet, d'Offer wier nach net grouss genuch, fir eng Baisse vun de Präisser erwaarden ze kënnen. An de nächste Méint wier beim Gas mat enger Stabilisatioun vun den Tariffer op deem aktuell héijen Niveau auszegoen:

"Wir hatten noch vor einigen Monaten erwartet, dass wir eventuell unsere Gaspreise absenken können. Wir werden jede Gelegenheit ergreifen, dies zu tun - sofern es möglich ist. Aber derzeit gehen wir von diesem stabilen hohen Niveau aus. Beim Strompreis werden wir in diesem Jahr die Preise tendenziell auf diesem Niveau von + 2,5 Prozent im Vergleich zum Vorjahr halten. Wie wir es dann im nächsten Jahr angehen hängt von den Entwicklungen durchaus ab."

Global Entwécklung vum Gas-Marché

Am Fall, wou Russland hir Liwwerunge vu Gas wéinst de momentanen Tensioune géif astellen, géif dem Erik von Scholz no näischt Dramatesches geschéien:

"Was wir gesehen haben ist, dass wir in diesem Winter - trotz der Engpass-Situation - mit Flüssiggas die fehlenden Mengen aus Russland kompensieren konnten; dass das allerdings auch eine Auswirkung auf die Preise hat, und zwar eine sehr relevante. Im Dezember waren die Preise teilweise bei 180 Euro, heute sind die Preise eher auf einem Niveau von 80 Euro, nach wie vor sehr hoch."

Wat mir elo géifen erliewen, wier en disruptive Moment - dee géif dozou féieren, datt de Gas-Marché sech méi staark globaliséiert. "Es gibt bereits Ähnlichkeiten mit dem Ölmarkt", seet den Erik von Scholz, "das ist jetzt die Entwicklung, die wir feststellen mussten".