Auslännerwalrecht Fred Keup: "Et muss der Rei no goen"

D'ADR bleift bei hirem kategoreschen "Nee" zum Auslännerwalrecht. D'Partei gesäit sech am Opdriff: zanter leschtem Hierscht krut se ronn 200 Membere bäi, seet de Fred Keup.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Fred Keup
De Fred Keup ass Deputéierten an neie Parteipresident vun der ADR

Um rezente Kongress huet d'Partei sech eng nei Sektioun "ADR international" ginn huet, an där Leit aus anere Länner sech fir d'Partei engagéiere kënnen.

Fir de Fred Keup gëtt et och fir déi Leit ee klore Wee zur politescher Participatioun:

"Et muss der Rei no goen, [...] et kënnt een heihinner, et integréiert ee sech, et léiert een d'Sprooch. An da kritt een d'Nationalitéit a ka wiele goen."

D'ADR gesäit sech am Opdriff: ronn 200 Memberen hätt d'Partei zanter dem leschten Hierscht bäikritt, seet hiren neien Nationalpresident am 100,7-Interview.

De Fred Keup féiert dat haaptsächlech op d'Informatiouns-Campagne vun der ADR iwwer d'Verfassung an op hir kloer Linn an der Covid-Politik zeréck.

Den neien ADR-President kritiséiert d'Pläng, déi eventuell Indextranche vum August bis Abrëll 2023 auszesetzen.

Déi richteg Äntwert op déi ablécklech Kris wier villméi eng Reduktioun vun den Energiepräisser, un deenen hirem aktuell héijen Niveau d'Regierung mat Schold wier, sou de Fred Keu, deen zanter Mëtt Mäerz den Nofollger vum Jean Schoos als ADR-Parteipresident ass.

Flüchtlingen aus der Ukrain: Eng aner Situatioun wéi bei Flüchtlingen aus Afghanistan

Beim Accueil vu Flüchtlingen aus der Ukrain gesäit den neien ADR-President d'EU an enger anerer Verantwortung, wéi beispillsweis bei Krichsflüchtlingen aus Syrien oder Afghanistan:

"De Punkt ass deen: d'Ukrain grenzt un d'Europäesch Unioun. An dat ass natierlech eng ganz aner Situatioun, wéi wann elo Leit aus engem Land kommen, dat vill méi wäit ewech ass. Wou se fir d'éischt mussen duerch eng ganz Partie Länner komme fir an d'Europäesch Unioun ze kommen.[...] Een, deen aus dem Afghanistan [flücht], dee muss net bis an Europa komme fir an e séchert Land ze kommen. Do ginn et aner Méiglechkeeten."

Refugiéen aus der Ukrain kéinte just an Europa flüchten, well op den anere Säite Russland oder Belarus léichen, preziséiert de Fred Keup.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

ADR Kongress
ADR-Kongress

De Fred Keup ass neien President vun der ADR. Den Deputéierte gouf de Sonndeg Moien um Nationalkongress vun der Partei zu Réiser als Nofollger vum Jean Schoos gewielt.

Fred Keup
Lëtzebuerger Politik

D'ADR wëllt sech am Oktober am Detail zur Migratiounspolitik positionéieren, seet den zukünftegen ADR-Deputéierte Fred Keup. D'Partei wäert hir Memberen um nächste Kongress iwwer ee Positiounspabeier zum Theema ofstëmme loossen.

Fred Keup
Chamberwahlen 2018

Bis op d'Lëtzebuerger Sprooch an de Wuesstem hätt ee sech nach mat kengen anere Sujete befaasst, seet de Fred Keup. Dat wéilt een elo am Hibléck op d'Chamberwahlen zesumme mat der ADR kucken.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen