Radioen

On air

Notturno  |  Henry Mancini - Mr. Lucky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Turmes: "Den nächste Wanter ka ganz schwéier ginn"

Gasversuergung

Claude Turmes: "Den nächste Wanter ka ganz schwéier ginn"

Och wann d'Tripartite geplatzt ass, kënnt d'Reduktioun vum Spritpräis ëm 7,5 Cent de Liter wuel awer. Dat huet den Energieminister Claude Turmes am 100,7-Interview duerchblécke gelooss.

auto_stories

2 min

De Claude Turmes ass Energieminister

Déi zäitlech limitéiert Mesure war jo een Deel vum Pak, deen d'lescht Woch tëscht de Sozialpartner ausgehandelt gi war.

D'Iddi, déi et ee Moment gouf, fir déi Reduktioun eréischt vun engem Präis vun 1,70 Euro de Liter u spillen ze loossen, wier aus praktesche Grënn nees fale gelooss ginn, seet de Claude Turmes. Wéinst de volatille Präisser um Sprit wier et schwéier dat och ëmzesetzen.

Nieft der Baisse vun den Accisen ëm 7,5 Cent um Sprit wärend den nächste véier Méint, sollen och d'Accisen um Mazout engem neie Regierungsvirschlag no bis Enn vum Joer ëm ronn 7,5 Cent erofgesat ginn.

Gasversuergung: d'Späicher am Summer fëllen

Wat d'Gasversuergung ubelaangt, wier Lëtzebuerg net an deem selwechte Mooss vu Russland ofhängeg, wéi zum Beispill Däitschland. Ganz fräi vu Suergen ass awer och de Lëtzebuerger Energieminister net:

"Den nächste Wanter ka ganz schwéier ginn. Wa guer kee russesche Gas géif kommen déi nächst Wochen a Méint, dann ass dat net sou einfach."

De Claude Turmes begréisst, datt een an der EU "wierklech eng kloer Politik" hätt fir d'Gasspäicheren ze fëllen a gemeinsam anzekafen.

Weider misste Campagne gemaach gi fir Gas ze spueren an zwar bei der Industrie, mee och bei Privatleit.