Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: "De Modell Tripartite huet sech bewäert"

Solidaritéitspak

Franz Fayot: "De Modell Tripartite huet sech bewäert"

Hien hätt sech den "Nee" vum OGBL zum Tripartite-Accord net erwaart, seet de Franz Fayot am 100,7-Interview. Hie kéint d'Begrënnung vun der Gewerkschaftspresidentin Nora Back och net novollzéien.

auto_stories

2 min

De Wirtschaftsminister wëllt d'Meenungsënnerscheeder tëschent OGBL an LSAP net iwwerdramatiséieren

Den "Nee" vum OGBL zum Tripartite-Accord géif natierlech net zu de gudde Relatioune vum onofhängege Gewerkschaftsbond mat der LSAP bäidroen, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot am 100,7-Interview: "Ech géif léien, wann ech dat géif soen", war seng Ausso.

Hie wollt déi ablécklech Meenungsverschiddenheeten awer och net iwwer dramatiséieren: OGBL an LSAP hätten et an der Vergaangenheet ëmmer nees fäerdeg bruecht, hir Divergenzen ze begruewen.

Och de Modell Tripartite gesäit de Franz Fayot elo net a Fro gestallt - deen hätt sech och dës Kéier bewäert.

LSAP dréit Solidaritéitspak mat

Datt OGBL-no Kreesser an der LSAP géife Stëmmung géint den Accord maachen, hätt hie bis ewell net kënne feststellen. "Et kënnt kee Géigewand, mee et ass Erklärungsbedarf."

D'LSAP-Ministere wieren zu all Moment "an enkem Kontakt" mat der Fraktioun an der Parteileedung gewiescht. "Dat ass och verstane ginn a gëtt och matgedroe vun der Partei", seet de Franz Fayot.

Och de fréieren Aarbechtsminister an aktuellen Deputéierten Dan Kersch géif den Accord droen, hien hätt déi entspriechend Motioun gëschter an der Chamber matgestëmmt.

"Et ass bei der LSAP natierlech ëmmer mat engem gewëssene Bauchwéi [verbonnen], wann een den Index eng Kéier verleet, obschonns dat jo och alt emol schonn an der Vergaangenheet geschitt ass mat vill manner Kompensatioune wéi dës Kéier. Mee et ass awer verstane ginn, datt dat hei dat Bescht ass an dëser Zäit, an datt dat och responsabel ass, souwuel fir eis Wirtschaft, wéi och fir de Leit hir Kafkraaft."