Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liwwerstopp vu russeschem Gas ass e "Katastrophenzenario"

Statec-Direkter Serge Allegrezza

Liwwerstopp vu russeschem Gas ass e "Katastrophenzenario"

De Statec huet nach net ausgerechent, wéi vill d'Lëtzebuerger Betriiber géifen drënner leiden, wann se an de nächste Woche komplett op Gas aus Russland misste verzichten.

auto_stories

2 min

De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec. Foto: Archiv.

De Statec-Direkter Serge Allegrezza sot awer de Moien hei op der Antenn, d'Situatioun wier am Moment esou onsécher, datt een d'Konsequenze vun esou engem Liwwerstopp misst ofschätzen:

"Dat ass e Katastrophenzenario, mat deem mir eis nach net tel quel befaasst hunn. Mee mir sinn am Gaangen eis Previsioune frësch ze iwwerdenken. Wéi all d'Instituter op der Welt musse mer elo mat der neier Situatioun eens ginn."

An den nächste Woche wéilt de Statec awer eng entspriechend Previsioun ausschaffen:

"Do musse mir nach wierklech driwwer nodenken, wat dat heescht, well dat ka ganz wäit goen: Da komme mir bei Rationementer vun Energie, da komme mir bei Industrien, déi net méi kënne beliwwert ginn, déi net méi kënne schaffen. Also, dat kann extreem, extreem wäit goen. Esou ee Katastrophenzenario hu mir nach net."

Op d'Fro hin, ob dat elo géif heeschen, datt all déi Berechnungen op deenen d'Tripartite elo baséiert huet, iergendwann an de nächste Woche kéinte kollabéieren, seet de Serge Allegrezza:

"Natierlech kann dat kollabéieren. D'Incertitude ass do vill ze vill héich, a mir hunn awer op der anerer Säit mat Leit ze dinn, déi total irrational schaffen."