"Mir kéinte jo mol ausnahmsweis eng Kéier zu Lëtzebuerg eppes séier maachen", sou de Frank Engel. D'Leit géifen ëmmer méi onzefridde mam politesche System ginn, well se den Androck hunn, datt a ville Beräicher iwwer laang Zäit näischt geschitt. "Et gëtt permanent gekuckt, analyséiert, gepréift, studéiert - an et geschitt näischt. Oder ganz wéineg", sou de porte-parole vu Fokus.
Wat d'Kafkraaft vun de Leit ubelaangt, plädéiert Fokus fir e sozialen Index, vun deem Leit mat klenge Gehälter méi profitéieren wéi déi mat decke Paien. Mee géif dat net déi Patrone penaliséieren, déi virun allem Leit an niddrege Lounkategorië beschäftegen?
Nee, seet de Frank Engel, et kéint een déi Méi-Belaaschtung fir verschiddener iwwer eng Mutualitéit ausgläichen "sou dass et an der Zomm fir d'Patronat en Nullsummen-Spiel soll ginn". Et misst een déi néideg Rechnunge maachen, sou de porte-parole vu Fokus.
"Mir hunn einfach keng Loscht méi eis permanent soen ze loossen, an deem an an aner Dossieren och, datt een näischt anescht ka maachen. Et kann ee bal alles anescht maachen. An zwar méi sozial gereecht a méi sozial zil-orientéiert. An dofir hu mer dat do an där Form proposéiert, un déi mer gleewen."