Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IRM um Potaschbierg: D'DP plädéiert fir eng pragmatesch Léisung

Gesondheetssecteur

IRM um Potaschbierg: D'DP plädéiert fir eng pragmatesch Léisung

D'DP ass dofir datt d'Dokteren d'Méiglechkeet kréie méi Traitementer baussent de Spideeler unzebidden. Wann ee méi Agrëffer a private Praxissen erméiglecht, géif dat méi Dokteren op Lëtzebuerg lackelen, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

auto_stories

2 min

Si ass och der Meenung, datt een déi privat Praxisse kann ausbauen, ouni datt dat zu engem Manktem un Dokteren an de Spideeler féiert. Fir z'assuréieren datt weiderhi genuch Doktere bereet si Garden an de Spideeler ze maache misst een dofir suergen, datt e Lien tëscht de private Praxissen an de Spideeler gëtt, esou d'Carole Hartmann.

Si kéint sech zum Beispill virstellen, datt en Dokter e Patient am Prinzip a sengem Cabinet gesäit an och do Traitementer kéint maachen, mee fir méi grouss Agrëffer géif de Patient dann an d'Spidol orientéiert ginn.

"An den Dokter kann och esou mam Spidol conventionnéiert sinn, datt en do och Permanencen assuréiert, an datt e seng Aarbecht als Medezinner also am Spidol, an och an enger Praxis kéint maachen."

D'CNS rembourséiert schonn IRMen, déi a Spideeler am Ausland gemaach ginn

D'CNS kéint Patienten, déi sech zu Gréiwemaacher scanne loossen, zum Beispill dee selwechten Tarif zréckbezuelen, wéi Leit déi en IRM-Scan am Ausland maachen, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

"Well et gëtt e Remboursement, an dat ass wichteg ze soen, vun Analysen, déi iwwer en IRM gemaach ginn, wann den IRM am Spidol ass. Mee et gëtt eben aktuell keen Tarif bei der CNS, wann den IRM am Extrahospitalier gemaach gëtt. Awer just hei zu Lëtzebuerg Extrahospitalier, am Ausland gëtt e Remboursement accordéiert, awer zu Lëtzebuerg net..."

Eng aner kuerzfristeg Léisung fir den IRM zu Gréiwemaacher wier, datt d'Bedreiwer dovu mat engem Spidol zesummeschaffen, esou d'Carole Hartmann.

Den neie Scanner steet an enger Privatpraxis zu Gréiwemaacher, ouni datt d'Gesondheetsministesch eng Erlabnis dofir ginn huet. D'CNS rembourséiert am Moment näischt fir Scannen déi do gemaach ginn. De Ball läit elo bei der Gesondheetsministesch: D'Paulette Lenert huet bis elo nach net decidéiert, wéi se mam IRM zu Gréiwemaacher wëllt ëmgoen.