Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaston Reinesch: Europäesch Leetzënse kéinte virum Summer klammen

Geldpolitik

Gaston Reinesch: Europäesch Leetzënse kéinte virum Summer klammen

De Gaston Reinesch geet dovunner aus, datt d'EZB spéitstens am September hir Leetzënse wäert eropsetzen. De Conseil vun der Europäescher Zentralbank hätt mat aneren Decisiounen ze verstoe ginn, datt geschwënn eppes kéim.

auto_stories

2 min

De Gaston Reinesch ass President vun der Lëtzebuerger Zentralbank

Viru 14 Deeg hätte vill Experten domat gerechent, datt de Conseil vun der Europäescher Zentralbank a senger Abrëll-Sëtzung d'Leetzënse géif eropsetzen. Dat ass awer net geschitt.

De Gaston Reinesch weist am 100,7-Interview op aner Decisiounen hin, déi an der Lescht geholl goufen, wéi zum Beispill de Stopp vu massiven Akaf vun Obligatiounen.

D'Zënse klamme schonn

Dat géif dem Marché kloer Signaler ginn, datt geschwënn eppes kéim. Eenzel Banken hätten dat schonn antizipéiert.

"De Message un d'Mäerz ass erausgaangen, datt mer net méi an de Maart kafe ginn. An dat huet natierlech schonn en Effekt an de Mäert gehat. Duerch déi Aktioun an déi Anticipatioun gesitt Dir jo an de Mäerz, datt d'Zënsen am court terme, mee och am moyene a long terme schonn ufänken ze klammen."

De Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank geet dovunner aus, datt spéitstens am September, vläicht och scho virum Summer, sech eppes deet - virausgesat, et géif näischt Onerwaartes méi geschéien, dat fir e gréissere Schock suergt.

De Gaston Reinesch ass zanter dem 1. Januar 2013 Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank. An an deene geschwënn zéng Joer un der Spëtzt vun der BCL huet hien am Fong nach kee krisefräie Moment erlieft.