Hie sträicht och besonnesch ervir, datt fir d'éischte Kéier eng Kompensatioun fir d'Verleeë vun enger Indextranche bezuelt gëtt. Dës Kompensatioun géif och op der Solidaritéit berouen:
"Dee Solidaritéitsgedanken, deen de Gewerkschaften net dierft friem sinn, op deem u sech eis Aarbecht fousst, spillt hei voll a ganz. Well déi kleng a mëttel Salairen hei méi staark ënnerstëtzt gi wéi dat, wat se an der Indextranche kritt hätten, an also iwwer déi Aart a Weis e Coup de pouce kréien, fir iwwer déi schwiereg Zäit hei ze kommen."
Et gëtt kee Sträit tëscht de Gewerkschaften, och wa si ganz ënnerschiddlech Meenungen iwwer den Tripartite-Accord vertrieden, seet de Patrick Dury am 100,7-Interview. OGBL, LCGB a CGFP hätten d'Tripartite zesumme preparéiert, betount de President vum LCGB.
"All Fuerderung, déi an der Press genannt ginn ass, ass vun de Gewerkschafte gemeinsam gestallt ginn. Mir hu verhandelt bis zum Schluss, an herno si mer eis zu dräi eens ginn, datt mer eis getrennt missten zum Resultat positionéieren."
Do wier een zu ënnerschiddleche Conclusioune komm. "Dat bedaueren ech am grousse Mooss", seet de Patrick Dury. Schlussendlech géif d'Responsabilitéit awer bei der eenzeler Organisatioun leien, esou de President vum LCGB.