Zënsen op Immobilieprête klammen Spuerkeess: "Den Immobiliemarché reguléiert sech selwer"

D'Zënse sinn zwar am Gaang ze klammen, mee d'Direktesch vun der Spuerkeess mécht sech trotzdeem keng Suergen iwwer d'Geschäft mat Immobiliëprêten.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Françoise Thoma

Si fäert och net, datt d'Prêten deemnächst esou deier ginn, datt d'Demande dofir géif abriechen. Den Immobiliemaart an domat och de Maart vun de prêts hypothéquaires géif sech selwer reguléieren. Mëttelfristeg géif si awer awer dovun ausgoen, datt d'Entwécklung bei de Logementspräisser géif ofgebremst ginn "wat dann erëm ville neie Leit géif erlaben e Prêt ze maachen". Si géif dem Marché do vertrauen, sou d'Direktesch vun der Spuerkeess.

D'Zuel vun de Leit, déi Schwieregkeeten hunn hir Prêten zeréckzebezuele wier bis elo net geklommen, esou d'Françoise Thoma. D'Spuerkeess géif och alles maache fir dat ze verhënneren.

"Fir d'Alleréischt séchere mer emol de Client of, an dem mer em plutôt méi e klenge Montant léinen, a mer em och heiansdo musse soen: Et deet eis Leed, mee dee Projet do, den ass nun emol eng Nummer ze grouss fir dech. Dann ass de Client net frou, dat versti mer alles. Mee et ass awer besser, et geet esou, wéi datt mer dem Client herno musse säin Haus verkafen."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Franséich Presidentiellen
Franséich Presidentiellen

E Resultat ouni grouss Surprise: D'Marine Le Pen an den Emmanuel Macron wäerte sech am zweete Waltour géigeniwwer stoen, d'selwecht wéi viru fënnef Joer. D'Sondagen haten dat schonn zanter dem Summer virausgesot.

Illustratioun Buch féieren
Deontologie

Et ginn nei deontologesch Reegele fir Ministeren an héich Beamten. Se musse Buch féieren iwwer hir Entrevuë mat Intressevertrieder. Och Formatiounen zu Theme wéi Rechter a Flichten, Ethik oder Korruptiounsbekämpfung ginn obligatoresch.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen