D'Aarbechten an der Spezialkommissioun Tripartite vun der Chamber, déi de Solidaritéitspak per Gesetz ëmsetze soll, schéngen e bëssen holpreg ugelaf ze sinn.
Onkloerheet bei Prognosen
Dat läit un ënnerschiddlechen Opfaassunge wat d'Organisatioun vun der Aarbecht ubelaangt, awer och un Onkloerheeten am Zuelematerial.
D'Prognosen, op deenen Enn Mäerz zu Senneng geschafft ginn ass, géifen elo Ufanks Mee net méi zoutreffen.
D'CSV kéint d'Berechnunge vum STATEC iwwer de Verloscht vun der Kafkraaft vun de verschiddene Lounkategorien net novollzéien, seet de Gilles Roth am 100,7-Interview.
Stéchdatum 1. Abrëll 2024
D'Regierung misst och endlech soen, ob Kompensatioune solle bezuelt gi fir d'Indextranche, déi 2023 erfale kéint a bis 2024 ausgesat gëtt, fuerdert den CSV-Deputéierten.
Am Gesetzesprojet géif just gesot ginn, datt déi Indextranchen alleguerten den 1. Abrëll 2024 ausbezuelt ginn, also no de Chamberwale vun 2023.
"Stellt Iech emol vir, do kommen zwou oder dräi Indextranchen: ech géif gären héiere wat e Patronat dozou seet, ob déi dann einfach eng Augmentatioun vun de Léin vun engem Moment op den anere vu 7,5 Prozent - oder souguer méi - op ee Coup kënne verkraaften."
D'Sozialpartner hätten ugedeit, datt hinnen eng Diskussioun doriwwer versprach gi wier. D'CSV hat dofir gefrot, d'Sozialpartner an d'Spezialkommissioun Tripartite ze invitéiere fir si ze froen, ob de Gesetzesprojet, iwwer deen d'Chamber ofstëmme soll, deem entsprécht, wat zu Senneng ofgemaach gouf.
Vun der Diskussiounen iwwer e Report vun zousätzleche Indextranche géif nämlech näischt am Gesetzesprojet stoen.
De Gilles Roth kritiséiert, datt déi Demande vun de Majoritéitsparteien zeréckgewise ginn ass.