Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sergio Ferreira: Diskriminatioun vu Portugis:innen ass objektiv Tatsaach

Migratioun

Sergio Ferreira: Diskriminatioun vu Portugis:innen ass objektiv Tatsaach

De Jean Asselborn hätt e komplett falscht Bild vun der portugisescher Emigratioun op Lëtzebuerg, seet d'ASTI. Hiere politeschen Direkter Sergio Ferreira reagéiert domat op eng Ausso huet den Aussen- an Immigratiounsminister gëscht am Kader vun der Staatsvisitt a Portugal: Hie sot, vill Portugis:inne géife sech erwaarden, datt hiert Liewe gemaach wier, wann si an de Grand-Duché liewe kéimen.

auto_stories

2 min

Dat géif haut awer net méi der Realitéit entspriechen. Domat géif de Jean Asselborn ënnerstellen, d'Immigrant:inne kéime just heihi, fir ze profitéieren, sou d'Kritik vum Sergio Ferreira.

"Avoir cette vision que le migrant vient profiter - parce que c'est ce que Monsieur Asselborn dit au fond: Il dit que les Portugais doivent se convaincre qu'ils doivent faire les mêmes sacrifices que les luxembourgeois. Pardon, mais c'est une vue que certains adversaires que Monsieur Asselborn combat avec beaucoup de force dans d'autres pays - c'est exactement le discours qu'ils ont."

De portugiseschen Immigrant:inne wier ni eppes geschenkt ginn zu Lëtzebuerg, sou nach de Sergio Ferreira. A si alleguer hätten dem Land och eppes ginn.

Diskriminatioun: et fänkt an der Schoul un

D'Diskriminatioun, déi vill portugisesch Leit zu Lëtzebuerg empfannen, wier eng objektiv Tatsaach, an net just e subjektiivt Gefill, seet de Sergio Ferreira, de politeschen Direkter vun der ASTI.

An enger rezenter Etüd vu LISER a Céfis fir de Familljeministère war jo erauskomm, datt d'Portugis:inne sech weiderhin dacks benodeelegt spieren, sief et bei der Sprooch, der Sich no enger Aarbecht oder enger Wunneng.

An déi Benodeelegung géif schonn an der Schoul ufänken, sou de Sergio Ferreira. Et géif een zanter dem Rapport Fischbach wëssen, datt et ee Problem gëtt:

"Non pas avec les Portugais dans le système d'enseignement luxembourgeois, mais il y a un problème de l'enseignement luxembourgeois à accueillir et à intégrer les enfants d'origine étrangère en général. Et les derniers chiffres du Bildungsbericht le montrent encore une fois : Les enfants avec un background migratoire et ceux d'un milieu moins bien loti, sont ceux qui sont plus discriminés. Et même ségrégés. On peut parler d'années de ségrégation dans l'enseignement luxembourgeois quand on voit les chiffres de l'enseignement classique et de l'enseignement général."

Méi wéi 94.000 Portugis:inne liewen zu Lëtzebuerg, heefeg schonn an zweeter oder drëtter Generatioun. Déi portugisesch Communautéit mécht domat 15 Prozent vun der Populatioun aus, keng aner auslännesch Nationalitéit ass méi staark hei am Land vertrueden.