Chamberwalen 2023 Piratepartei: Gemeinsam Wallëscht mat Fokus ass "keng Optioun"

D'Piratepartei hätt keen Interessi dru mat der neier Partei "Fokus" zesummen ze schaffen, seet de Starsky Flor. Hie huet betount, seng Partei hätt aus der Kooperatioun mat der PiD bei de leschte Wale "geléiert".

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (web)

Starsky Flor
De Starsky Flor gouf um Parteikongress als Spriecher vun der Piratepartei zeréckgewielt

Eng Zesummenaarbecht mat der neier Partei vum Frank Engel wier dofir "am Moment keng Optioun".

Bei de leschte Chamberwalen haten d'Piraten eng gemeinsam Lescht mat der PiD opgestallt. No de Wale koum et awer dunn zu Onstëmmegkeeten tëscht den zwou Parteien, an d'Kooperatioun gouf nees opgeléist.

Kandidat:inne fir d'Walen virbereeden

Hie wier optimistesch, datt d'Pirate genuch eege Kandidate fir d'Wale géife fannen, esou de Starsky Flor, och wann et net einfach wier, "fir elo direkt vun haut op muer esou vill Leit ze fannen".

D'Partei géif wuessen an hätt mëttlerweil knapp 500 Memberen, seet de Spriecher vun der Piratepartei: "an do wäerten der warscheinlech nach vill bäikommen". Aktuell géif een dru schaffe fir Kandidat:innen op d'Gemengewalen an duerno op d'Chamberwale virzebereeden.

De Starsky Flor huet am 100,7-Interview och schonn e puer Nimm fir méiglech Kandidat:inne genannt, dorënner de Raymond Remakel, de Charly Muller oder de Mathis Godefroid. "An déi aner, déi gi lues a lues presentéiert", esou de Starsky Flor.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Angelika Dasbach / Marc Goergen
Parteibündnis

D'PID trennt sech vun de Piraten. Grond wieren ënner anerem eng chaotesch Virgoensweis an intern Streidereien an der Piratepartei. D'Ukënnegung wier iwwerraschend fir d'Pirate komm.

D'Piratepartei nom Kongress am Februar 2019
Piratepartei

D'Piratepartei huet kee President méi. De Starsky Flor an d'Marie-Paule Dondelinger sinn nei Co-Spriecher vun der Partei. Fir Onmutt suergt, datt d'Marie-Paule Dondelinger Member bei der PID ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen