Tripartite Gilles Baum: OGBL soll bei weideren Diskussioune mat um Dësch sëtzen

D'Gesetz, mat deem d'Indextranche vum Juli op den nächsten Abrëll verluecht gëtt, misst an der Woch virun Nationalfeierdag kënne gestëmmt ginn, mengt de Gilles Baum. Et gëtt e gewëssen Zäitdrock, well déi nächst Indextranche éischter erfält wéi Ufanks geduecht.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Gilles Baum
Den DP-Deputéierte Gilles Baum ass President vun der parlamentarescher Spezialkommissioun Tripartite

De Resumé vum Interview lauschteren


D'Gesetz wäert sech deemno drop limitéieren ze soen, wéi Leit mat klengen a mëttlere Paien déi Tranche wärend néng Méint kompenséiert kréien, bis se da vum 1. Abrëll dat anert Joer un och effektiv ausbezuelt gëtt.

Alles, wat duerno geschitt, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt gereegelt. Déi aner Elementer vum Accord ginn an enger nächster Etapp gekläert - sou ass et de leschte Freideg decidéiert ginn: d'Regierung hat en Amendement an deem Sënn abruecht.

D'Initiativ fir op dee Wee ze goe wier awer kloer aus der Chamber komm, sou de Gilles Baum.

Gilles Baum hält um Tripartitesaccord fest

Vum Accord wier awer näischt a Fro gestallt, betount de Gilles Baum, President vun der parlamentarescher Spezialkommissioun Tripartite:

"En Accord ass en Accord. Den Accord, deen ënnerschriwwe ginn ass, dee gëllt bis den 31. Dezember d'nächst Joer. Dat, wat do dra steet, ass net a Fro gestallt, absolut net."

De Gilles Baum ka ech awer virstellen, datt d'Tripartite nach eng Kéier géif zesumme komme "fir vläicht e Solidaritéitspak 2 ze schnüren".

Hei misst virun allem diskutéiert ginn, wéi eng eventuell nächst Indextranche kompenséiert gëtt, wann och déi ëm e puer Méint muss verréckelt gëtt.

Sozialpartner sollen all zesummen diskutéieren

Dofir missten déi véier Vertragspartner da fir Verhandlungen zesummekommen, seet de Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL. Hie schwätzt ausdrécklech vun de véier Vertragspartner, also Regierung, UEL, LCGB a CGFP:

"Mir sinn hei am Kader vun engem Kontrakt, dee mer ënnerschriwwen hunn zesummen, an net am Kader vun enger neier Tripartite."

A well den OGBL net ënnerschriwwen huet, hätt en och bei de Gespréicher iwwer nächst Kompensatiounen näischt verluer, mengt de Michel Reckinger.

"Falsch!", seet dozou de Gilles Baum. Den Tripartitesaccord géif prezis soen, wat am Fall vun enger zousätzlecher Indextranche ze geschéien huet: op der leschter Säit vum Dokument wier festgehalen, datt d'Sozialpartner nach eng Kéier zesumme géife kommen.

"An do steet net, datt nëmmen déi dierfen zesummekommen, déi den Accord gedroen hunn. Ech muss Iech soen, datt ech et net gutt géif fannen, wann déi gréisst representativ Gewerkschaft ausgeschloss géif ginn."

De Solidaritéitspak gëtt de Staat keng bëlleg. A wann eng weider Indextranche sollt erfalen, déi och nees verréckelt a kompenséiert gëtt, komme weider onerwaart Depensen op de Budget zou.

Et steet deemno och net onendlech vill Geld fir Kompensatiounen zur Verfügung. "Mir mussen hei am Land léieren, eis der Decken no ze strecken", sou de Gilles Baum.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Reckinger
Patronatsverband

Ganz onopgereegt reagéiert de Patronatsverband UEL op Decisioun vun der Regierung, fir elo mol just den éischten Deel vum Tripartite-Accord ëmzesetzen. Fir de Michel Reckinger ass den Accord net a Fro gestallt.

Kaarten op den Dësch - Tripartite: Steve Heiliger, Nora Back, Dan Kersch
Kaarten op den Dësch

Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak", deen eng Äntwert op déi héich Inflatioun soll sinn, bleift ëmstridden. Virun deem Hannergrond diskutéieren den Dan Kersch (LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister), d'Nora Back (OGBL-Presidentin) an de Steve Heiliger (CGFP-Generalsekretär).

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen