Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Müller: Brout kéint méi deier ginn

Liewensmëttel

Carole Müller: Brout kéint méi deier ginn

D'Brout ass scho méi deier ginn an de Präis wäert ënner Ëmstänn nach eemol eropgoen, seet d'Carole Müller. D'Cheffin vun der Bäckerei Fischer seet, d'Produzent:inne kéinten d'Hausse vun de Miel- an Energiepräisser op Dauer net eleng op hir Margen huelen

auto_stories

2 min

De Weess z.B. wier zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich 60 Prozent méi deier ginn. Anerersäits wieren d'Energiekäschte staark an d'Luucht gaangen, seet d'Cheffin vun der Bäckerei Fischer.

Dat hätt ee groussen Impakt op d'Käschten, seet d'Carole Müller: "Op där enger Säit ass et d'Hëtzt, op där anerer ass et och d'Kill-Capacitéit, well d'Patisserie muss an engem Frigo stoen."

De Stroumpräis hätt sech méi wéi verduebelt, mee op Dauer kéinten d'Produzent:innen dat awer net eleng op hir Margen huelen, mengt d'Carole Müller am 100,7-Interview.

Virun zéng Deeg huet d'Carole Müller d'Successioun vum Fernand Ernster als Presidentin vun der Handelsconfederatioun CLC iwwerholl. Et ass fir si nach ëmmer net méiglech e prezise Bilan ze zéien, wéi vill Schued d'Pandemie am Commerce gemaach huet.

E Bilan wier och dowéinst esou schwiereg, well d'Corona-Kris quasi ouni Transitioun an eng nächst Kris, ausgeléist duerch den Ukrain-Krich, iwwergoung.

"Kaf lokal" als positiv Konsequenz aus der Pandemie

Déi lescht zwee Joer wieren op jiddwer Fall fir déi verschidde Secteuren, déi an der CL federéiert sinn, extrem schwiereg gewiescht, seet d'Carole Müller.

Allerdéngs hätt déi Zäit och positiv Aspekter gehat - et hätt d'Leit dozou beweegt fir méi lokal anzekafen:

"Ech mengen, datt de Konsument sech einfach bewosst ginn ass, datt et um Lëtzebuerger Marché ganz gutt Produkter ginn, datt mer zu Lëtzebuerg ganz gutt Commerçanten hunn, ganz gutt Produzenten. An datt dat vläicht an de Käpp e bësse méi dran ass. Dat Gefill hu mer."

Wie lokal keeft géif net nëmmen de Commerçant an de Produzent sur place ënnerstëtzen, mee och déi lokal Ekonomie, betount d'Presidentin vun der CLC. Wann dat bleiwe géif, "dann hätt de Covid ganz sécher och eppes Positives mat sech bruecht."