De Claude Wiseler betount, seng Partei géif mat dëser Mesure bewosst just ganz héich Gehälter cibléieren. Lëtzebuerg misst de richtegen Equiliber tëscht Gerechtegkeet an Attraktivitéit fannen.
"Mir sinn e Land, dat wëllt Talenter unzéien, mir sinn e Land dat wëllt Firmen unzéien. Mir sinn e Land, dat wëllt attraktiv sinn. An dofir muss eis Steiertabell och fir déi Leit attraktiv bleiwen, déi gutt verdéngen."
D'CSV schléisst eng Ierfschaftssteier aus
D'CSV ass géint eng Ierfschaftssteier. Esou eng Stéier kéim mat senger Partei net a Fro, sou den CSV-Parteipresident. An de Claude Wiseler geet och net dovun aus, datt d'Parteibasis sech beim Opstelle vum Walprogramm fir eng Ierfschaftssteier asetzt. An den Diskussiounen an de Sektiouns- a Bezierkscomitéen hätt een deementspriechend kloer Echoe vun der Parteibasis kritt.
De fréieren CSV-President Frank Engel hat viru bal zwee Joer parteiintern fir Opreegung gesuergt, wéi hien d'Aféiere vun enger Ierfschafts- a Verméigenssteier an d'Gespréich bruecht hat.