Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain: Fir Déi Lénk ass e Friddensaccord den eenzegen Auswee

Krich an der Ukrain

Ukrain: Fir Déi Lénk ass e Friddensaccord den eenzegen Auswee

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk seet si wier an engem Chamber-Debat iwwer de Krich an der Ukrain "falsch verstane ginn". D'Deputéiert vun Déi Lénk hat sech virun zwou Wochen an dem Debat dofir ausgeschwat, datt och Russland gewëssen "Sécherheetsgarantien" soll ugebuede kréien. Déi Ausso war an de sozialen Netzwierker op Kritik gestouss.

auto_stories

2 min

D'Nathalie Oberweis seet, si hätt domat gemengt, datt een op e Friddensaccord misst hischaffen, deem och de Wladimir Putin kann zoustëmmen.

"Do gëtt jo jiddwereen eppes, an et kritt jiddwereen eppes bei esou engem Accord. Dat ass jo kloer. Soss géif et jo keen Accord ginn. An et ass dat, wat ech wollt soe mat 'Garantien': Datt een iergendwou e Kompromëss fënnt, wou déi zwee kënnen domat liewen. Et ass dat wat ech wollt soen."

An hiren Ae misst een no Méiglechkeete siche fir de Konflikt sou séier wéi méiglech op en Enn ze bréngen.

"Iergendwann eng Kéier kënnt et zu engem Friddensaccord. D'Fro ass: Wéi maache mer déi Zäit dotëscht esou kuerz ewéi méiglech fir esou mann ewéi méiglech Leed ze hunn. Natierlech kënne mer elo driwwer spekuléieren, ob [de Wladimir Putin] sech drun hält oder net. Ech trauen dem Här keng Sekonn. Mee mir mussen awer vu Friddensverhandlunge schwätzen a vun de Konditiounen, wéi mer kënnen dohi kommen."

Eng Méiglechkeet fir dohin ze kommen, wier zum Beispill, datt d'Ukrain eng NATO-Memberschaft ausschléisst, esou nach d'Nathalie Oberweis.