Duerch déi aktuell Kris géif et zu Lëtzebuerg e Konjunkturabroch an och en Defizit vu ronn 1,5 Milliarden Euro. Hie kéint sech dofir och net virstellen, datt am Walkampf grouss Depensen annoncéiert ginn. Et sollt een och elo éischter punktuell a cibléiert Mesuren huelen a probéiere fir den Defizit séier erëm ze resorbéieren.
Lëtzebuerg wäert europäesch Defizitreegelen anhalen
Trotz der Covid-Kris an den Tripartite-Mesuren, géif de Lëtzebuerger Staat sech weider un d'Budgetsreegelen halen, déi d'Europäesch Kommissioun virschreift, esou de Marc Wagener.
"...et muss een och wëssen: Déi Spillreegele sinn am Moment ënner Klammere gesat - do gëtt et eng Ausstigsklausel - dat ass esou decidéiert ginn op europäeschem Niveau."
De Statec géif a senger leschter Note de conjoncture iwwerdeems dovun ausgoen, datt de Lëtzebuerger Staat d'EU-Defizitreegelen anhält.