Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Da Costa: De Wirtschaftsminister schwätzt vun enger "Ligen"

Invité vum Dag

Affär Da Costa: De Wirtschaftsminister schwätzt vun enger "Ligen"

De Wirtschaftsminister seet, et wier "eng Liggen", datt hien eppes mat der Entloossung vum Meteorolog Jeff Da Costa ze dinn hätt. Hie misst sech an dëser Affär fir eppes justifiéieren, dat "komplett falsch" wier, an dat wier "extrem problematesch", esou de Franz Fayot.

auto_stories

2 min

D'Lëtzebuerger Wort hat de Jeff Da Costa d'lescht Woch mat der Ausso zitéiert, säi fréiere Patron hätt sech ënnert anerem vum Wirtschaftsminister ënner Drock gesat gespuert. De Franz Fayot dementéiert awer formell, datt et e Kontakt tëscht sengem Ministère an dem Jeff Da Costa sengem fréiere Patron gouf.

An de Wirtschaftsminister mengt och net, datt et duerch des Affär elo méi schwéier gëtt jonk Fuerscher op Lëtzebuerg ze lackelen.

"Dat hei si Saachen, déi vill an der Press diskutéiert ginn, déi de Postbetrib beschäftegen. Déi natierlech ëmmer flott sinn, well Nimm vu Politiker mentionéiert ginn, an dat dann och an de soziale Medie vill diskutéiert gëtt. Mee ech mengen net, datt dat do eng negativ Publicitéit ass fir de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg."

De Wirtschaftsminister Franz Fayot war de Moien eisen Invité vum Dag. De ganzen Interview mat him fann der och als Video op eisem Internetsite.

Juristesch Schrëtt géint dës Aussoe wëllt den LSAP-Politiker awer net aleeën. Plainte wéinst Diffamatioun oder Calomnie vu Persoune vum ëffentleche Liewe géife generell net vill bréngen. "An dovun ofgesinn: Ech ginn elo net een, dee souwisou an enger schwierger Situatioun ass nach mat enger Plainte accabléieren", sou de Franz Fayot.

"Et bleift ëmmer eppes hänken"

Fir hie géif et an dëser Affaire reng ëm e Konflikt tëscht engem Patron a sengem Employé goen.

"Ech hu keng Ahnung wat do geschitt ass, an dat interesséiert mech am Fong och net. Mee ech fannen et problematesch, well een hei als Politiker - an dir wësst dat - keng Présomption d'innocence huet, mee eng présomption de culpabilité. An et bléift och ëmmer iergendeppes hänken an esou enger Geschicht."

De Franz Fayot wäert de Moien iwwrens och an enger Chamberkommissioun Stellung iwwer d'Affär ronderem de Jeff Da Costa huelen.