Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Isabelle Schlesser: "Am Moment eng excellent Situatioun um Aarbechtsmarché"

ADEM-Directrice

Isabelle Schlesser: "Am Moment eng excellent Situatioun um Aarbechtsmarché"

De Chômage-Taux ass um niddregsten Niveau zënter iwwer zéng Joer: gläichzäiteg si bei der ADEM esou vill oppe Plaze gemellt, wéi nach ni virdrun. Déi aussergewéinlech Situatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart erkläert sech haaptsächlech duerch déi favorabel wirtschaftlech Lag, seet d'Isabelle Schlesser, Directrice vun der ADEM.

auto_stories

3 min

Enn Mee louch de Chômage-Taux bei 4,6 Prozent. Gläichzäiteg si bei der ADEM iwwer 13.000 fräi Plaze gemellt: dat sinn der esou vill, wéi nach ni virdrun. D'ADEM-Directrice Isabelle Schlesser seet, datt de Moment "schrecklech vill Leit" géife rekrutéiert ginn. Mee déi héich Inflatioun an déi héich Energiepräisser kéinten een negativen Impakt mat sech bréngen:

"Déi aktuell gutt Situatioun kann sech séier degradéieren - dat gesäit een ëmmer zu Lëtzebuerg. De Chômage geet erof wann et der Wirtschaft gutt geet, dat ass linear. A wann et der Wirtschaft manner gutt geet, da geet de Chômage och erëm erop. Am Moment hu mir eng excellent Situatioun um Aarbechtsmarché. Mee et muss ee prudent sinn, et muss e kucken, wéi dat evoluéiert. Bleiwe mer weider bei héijer Croissance, oder - d'Previsioune gesinn éischter eppes Anescht vir - an da wäert dat och eng Repercussioun op den Aarbechtsmarché hunn."

Appell fir all oppe Plazen der ADEM ze mellen

D'Directrice vun der ADEM bedauert, datt d'Entreprise der Aarbechts-Agence nach ëmmer net all oppe Plaze géife mellen. Doduerch géif et keng Transparenz um Aarbechtsmarché ginn. All Plaz, déi net gemellt gëtt, wier net accessibel fir d'Chômeuren:

"Ech kann net soen, datt mir all Plaze gemellt kréien. Ech kann natierlech soen, an dat ass dat positiivt Element, datt mir nach ni esou vill Plazen hunn, wéi mir elo am Moment hunn. Op där aner Säit ass et awer esou, datt mir nach eng ganz Partie vum Marché net hunn. An ech muss ëmmer erëm den Appell renouvelléieren, dat ass einfach ganz schued, wa mir déi Plazen net hunn, well da gëtt et keng Transparenz um Marché."

Duerch déi nei Strategie 2025 vun der ADEM soll eng Vereinfachung fir Entreprisen an dësem Beräich erreecht ginn, wa si hir Job-Offere fir d'éischt op engem kommerziellen Job-Board mellen: Duerch Partnerschafte missten d'Entreprisë fräi Plazen net op zwou Plaze mellen.

513 Flüchtlingen aus Ukrain ageschriwwen

Bei der ADEM sinn an der Tëschenzäit och eng Partie Leit ageschriwwen, déi wéinst dem Krich aus der Ukrain hu musse flüchten:

"Mir hunn am Moment 513 Bénéficiaires de protection temporaire - dat si jo déi Leit, déi geflücht sinn aus der Ukrain, déi dee spezielle Statut unerkannt kruten. Dat ass eng Populatioun, déi huet ganz speziell Charakteristiken. Mir hu 70 Prozent Fraen. Ech mengen et versteet e ganz séier firwat. An 73 Prozent vun deene Leit hunn een Héichschoul-Ofschloss. An dat ass och ganz anescht wéi bei aner Refugiéen, déi mer och zu Lëtzebuerg jo hunn, an déi och bei eis ageschriwwe sinn an eng Aarbecht sichen."