Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Schmit: En neie Lockdown ass net warscheinlech

Preparatioune fir de Wanter

Jean-Claude Schmit: En neie Lockdown ass net warscheinlech

Den Direkter vun der Santé geet dovun aus, datt déi aktuell Well vun neie Corona-Infektiounen dës Woch mat den Nowierkunge vun Nationalfeierdag hiren Héichpunkt erreecht.

auto_stories

2 min

Den Dr. Jean-Claude Schmit ass Direkter vun der Santé

De Jean-Claude Schmit weist awer drop hin, datt déi aktuell 700 bis 800 Neiinfektioune pro Dag däitlech ënner de Chiffere vun der éischter Omikron-Well Ufanks vum Joer leien, wou all Dag eng 2.500 nei Fäll gezielt goufen.

Weidere Rappell fir d'Impfung am Hierscht

Fir den Hierscht a Wanter gëtt eng méi massiv Infektiounswell virausgesot. Et wier awer "wierklech net probabel"; datt ee komplette Lockdown "oder esou Saache" kéimen. D'Populatioun hätt eng gewëssen Immunitéit: natierlech oder duerch d'Impfung, seet den Dr. Jean-Claude Schmit:

"Dat heescht, mir sinn an enger anerer Situatioun wéi am Ufank vun der Pandemie. Mee esou Restriktioune wéi eng Maskeflicht op verschiddene Plazen, vläicht erëm en 3G op verschiddene Plazen erëm, oder d'Obligatioun sech ze testen op verschiddene Plazen: dat si Saachen, déi probabel sinn."

De Santésdirekter huet duerchblécke gelooss, datt am Hierscht fir jiddwereen e weidere Rappell vun der Impfung recommandéiert gëtt.

Avis zu eventueller Impfflicht gëtt muer presentéiert

En Dënschdeg stellt den Experte-Grupp säin aktualiséierten Avis zu enger eventueller Corona-Impfflicht vir. Am Januar haten déi fënnef Wëssenschaftler sech fir eng obligatoresch Impfung bei Leit iwwer 50 Joer a beim Personal am Gesondheets- a Fleege-Secteur ausgeschwat. Bleiwe si dobäi?

Den Dokter Jean-Claude Schmit seet, hien hätt den neien Avis nach net gesinn. Fir hie wier awer kloer, datt ee sech fir de schlëmmste Fall mat enger ganz aggressiver Variant preparéiere misst. Wann een do een effikasse Vaccin hätt, géif dat dee Moment Sënn maachen an et misst een déi Hypothees op alle Fall duerchdenken:

"An et ass och gutt, wann een do schonn d'Gesetzestexter am Tirang leien huet, déi preparéiert sinn, fir se eventuell erauszezéien, wann ee se braucht. [...] an och dann erëm dauert et jo eng gewëss Zäit, bis d'Impfflicht och hir Friichten dréit. [...] d'Chamber huet an der Vergaangenheet gewisen, datt si séier ka schaffen. An enger Krisesituatioun misst si dat dann och maachen. An déi aner Fro ass: Wat fir ee Vaccin hu mer, a mat fir enger Vitesse kréie mir eventuell en neie Vaccin geliwwert?"