Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opschaffe vu staatlechen Archiven: Nationalarchiv läit an der Zäit

Archivage

Opschaffe vu staatlechen Archiven: Nationalarchiv läit an der Zäit

Bis 2025 huet d'Nationalarchiv Zäit fir d'Archive vu Ministèren a Verwaltungen ze duerchkucken an dat, wat derwäert ass, ze versuergen. "Mir si gutt an der Zäit", seet d'Josée Kirps, Directrice vum Staatsarchiv.

auto_stories

2 min

Am Archivgesetz vun 2018 ass virgesinn, datt d'Archive vun alle Ministèren a Verwaltunge vum Staatsarchiv duerchkuckt ginn an dat, wat derwäert ass versuergt ze ginn, iwwerholl ginn.

Dat wäert mëttelfristeg dozou féieren, datt d'Bestänn vun den Nationalarchive staark wuessen: haut scho leie 45 Kilometer Material op sechs Plaze ronderëm d'Haaptgebai vum Archiv beim Helleg-Geescht-Plateau.

Neit Gebai um Belval: Plaz fir 100 Kilometer Archivmaterial

Ufank Mäerz ass den 1. Spuedestéch vum neie Gebai um Belval gewiescht, dräi Joer Bauzäit si virgesinn. Do sollen dann 100 Kilometer Archivmaterial kënne stockéiert ginn.

"Dat misst duergoen", seet d'Josée Kirps - a wann net, wier nach nieft dem Gebai Plaz fir auszebauen.

"Et läit nach vill Pabeier an eise Verwaltungen. An dann hu mer iergendwann de Pic erreecht, an da geet et mam Pabeier erof. Dat gesi mer och an anere Länner."

Eng Archivkultur, déi eréischt komm ass

D'Archivgesetz vun 2018 huet dozou bäigedroen, datt sech zu Lëtzebuerg eng Archivkultur entwéckelt huet. Déi hätt Lëtzebuerg virdru gefeelt, mengt d'Josée Kirps.

"Och wa mer soen, mir hätte keng Kultur, keng Traditioun: Et war awer elo net, wéi wa keen Archivage gemaach gi wier. Dat heescht et sinn awer Dokumenter do, et ass gesammelt ginn, mee et war keng richteg Uerdnung dran. Dat kann zum Deel doru leien, datt hei zu Lëtzebuerg d'Weeër relativ kuerz sinn: dat heescht wann een eppes gebraucht huet, huet een awer Saache kritt, et huet ee Saachen erëm fonnt."

Well et zu Lëtzebuerg keng Universitéit gouf, wier et och keng Demande fir Archive ginn: "et ware keng Chercheuren do".

Et wier zwar Recherche gemaach ginn, "mee net an deem Moos, wéi dat elo haut ass", esou d'Directrice vum Staatsarchiv.