Sozialhëllef D'Office-socialle warne virun Enkpäss

D'Präisser klammen an dowéinst rechnen d'Office-sociallen an de nächste Méint mat méi Ufroen. Et kéint och zu personellen Enkpäss kommen, wa bannent kuerzer Zäit vill Demandë bäikommen: D'Office-socialle wieren nämlech elo scho relativ ausgelaascht, esou d'Verbandspresidentin.

Rick Mertens / sam

Ginette Jones
D'Ginnette Jones ass Presidentin vum Verband vun de Sozialämter.

Am Moment wier d'Demande no sozialen Hëllefen nach net dramatesch an d'Luucht gaangen, esou d'Presidentin vum Verband vun de Sozialämter de Moien am Interview. An awer sinn d'Office-socialle relativ ausgelaascht, well d'Personal vill Aarbecht huet.

Zum Beispill sinn d'Entretienen zäitopwänneg well een net just Lëschten ofhaakt, mee dës Gespréicher e puer Stonnen dauere kënnen:

"A wann do vill nei Demandë kommen, a mir dat wëllen en toute âme et conscience maachen, esou wéi dat an den Office-sociallen gemaach gëtt - da komme mer an d'Bredouille mam Personal."

Vue datt d'Präisser weider klammen, géifen d'Office socialen an de nächste Méint dowéinst mat méi Ufroen a personellen Enkpäss rechnen, seet d'Ginette Jones. Hei géif ee probéieren, fir sech intern ze preparéieren, mee dëst wier schwiereg well et deels u qualifizéiertem Personal um Aarbechtsmaart feelt.

Ee weider Punkt betrëfft d'Ausbaue vun Hëllefen, déi de Leit séier an onbürokratesch bei Fraisen ënner d'Äerm gräife kënnen:

"[...] datt mer eben och mat den Decideuren a mat de politeschen Acteure kucken op et net och Hëllefe gëtt, déi net iwwer den Office social lafen, wou d'Leit kënnen direkt gehollef kréien, an da net mussen op den Office social kommen [...]"

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen