Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gas-Rationéierung: De Claude Turmes "huet nach keng Decisioun geholl"

Noutfallplang

Gas-Rationéierung: De Claude Turmes "huet nach keng Decisioun geholl"

De Claude Turmes rechent net domat, datt de Gas am Wanter och fir d'Privatstéit knapp kéint ginn. Dat wieren nämlech déi lescht Clienten, déi vum Gasnetz ofgeschnidde géife ginn, wann de Gas rationéiert misst ginn, esou den Energieminister.

auto_stories

2 min

De Claude Turme ass Energieminister fir déi gréng

De Resumé vum Interview lauschterenplay_arrow


De grénge Politiker geet awer net dovun aus, datt et esou wäit kënnt. Hie ka sech awer virstellen, datt d'Gasliwwerungen u verschidden Industriebetriber mussen ageschränkt ginn, wa Russland guer kee Gas méi an d'EU géif liwweren.

Op d'Fro, no wéi enge Krittären dat géif geschéien, huet den zoustännege Minister am Moment awer keng kloer Äntwert.

Betriber kréien als éischt de Gas ofgedréint

Am Fong gëtt et en nationale Plang, dee reegelt wat geschitt, wann net genuch Gas fir jiddwereen do ass. D'Betriber wieren am Eeschtfall als éischt vun enger méiglecher Gas-Rationéierung betraff, esou de Claude Turmes:

"Et muss ee wëssen: Hei zu Lëtzebuerg ginn zwee Drëttel vum Gas vun der Industrie a vum Handwierk. An déi sinn net geschützt. Wa muss ofgespaart ginn, ginn déi ofgespaart."

No wéi enge Krittären dat géif geschéien ass am Moment awer net ganz kloer. Den Noutfallplang, den am Moment a Kraaft ass, schreift vir, datt grouss Industriebetriber, déi vill Energie verbrauchen, als éischt vum Gasnetz géife geholl ginn.

Wéi eng Betriber dat sinn, geet awer net aus dem Dokument ervir. An och den Energieminister wëllt keng Detailer dozou ginn. Hie weist drop hin, datt am Moment och op europäeschem Plang driwwer nogeduecht gëtt fir eenheetlech Krittären anzeféieren.

Dofir wéilt een och waarde bis dat Dokument vun der EU-Kommissioun virläit. Et geet ëm d'Fro, wat méi "zilféierend" ass, esou de Claude Turmes:

"Ass et méi zilféierend, wann ech dann e puer Grousser ofschalten, oder ass et méi zilféierend, wann alleguer déi net geschützte Clienten e sougenannten Haircut maachen, an dann ebe jiddwereen 10 oder 15 Prozent muss aspueren?"

Dat wiere schwéier politesch Decisiounen, an dofir hätt hien an der Fro och nach keng Decisioun geholl, esou de Claude Turmes.

Hie betount, d'Gespréicher doriwwer mat de concernéierte Wirtschaftsvertrieder:inne géifen zanter Woche scho lafen.