Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Herr Corporation - Conspiracy!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Industrie: Wat geschitt, wann de Gas knapp gëtt?

Industriellefederatioun

Industrie: Wat geschitt, wann de Gas knapp gëtt?

Wa Russland de Gaskrunn zoudréint, kéint een net vun der Industrie erwaarden, dat eleng opzefänken, seet de Gaston Trauffler vun der FEDIL. Et wier e kollektiven, nationalen Effort néideg fir an der Energiekris ze bestoen.

auto_stories

2 min

De Gaston Trauffler ass bei der Industriellefederatioun fir d’Industriepolitik zoustänneg

D'Industrie wier als gréisste Konsument besonnesch gefuerdert, dat streit de Gaston Trauffler net of. D'FEDIL wier aktuell am Gaange mam Ministère ze kucken, a wéi enger Reiefolleg an no wéi enge Krittäre Betriber de Gas kéinten ofgespaart kréien, wann dat néideg géif ginn.

Et géifen hei ganz ënnerschiddlech Situatiounen a Contrainte ginn, gëtt de Gason Truaffler ze bedenken, dofir misst dat Betrib fir Betrib gekuckt ginn.

"Plan de délestage": net dat richtegt Instrument

De sougenannte "Plan de délestage", deen dräi Deeg virum Ufank vum Krich eng leschte Kéier aktualiséiert gouf, wier als Äntwert op eng méi laangfristeg Penurie vu Gas net gëeegent.

Dee Plang wier éischter fir punktuell Ausfäll geduecht, seet de Gaston Trauffler, dee bei der Industriellefederatioun fir d'Industriepolitik zoustänneg ass, am 100,7-Interview.

Als Beispill nennt hien eng Penurie u Gas, déi zwee Deeg unhält - hei kéint ee "relativ einfach" decidéieren, wéi ee Betrib eventuell vum Netz geholl gëtt oder manner geliwwert kritt.

"Mee mir sinn elo an enger ganz anerer Situatioun, wou mer mussen domat rechnen, datt mer iwwer Méint oder souguer iwwer eng Period vun zwou Joer [...] vill manner Gas hunn. D.h. do ass dee Plang éischter net uwennbar."

De "Plan de délestage" wier deemno net dat richtegt Instrument, fir op eventuell Liwwerengpäss beim Gas ze regéieren.

Betriber kéinte Flexibilitéit beim Gasverbrauch weisen

D'Betriber misste kucken, wie war aspuere kann, sollt dat eng Kéier néideg ginn. D'FEDIL plädéiert dobäi fir e Modell, wéi et e beim Stroumverbrauch scho gëtt:

"Do si Konsumenten, déi stellen dem Netzbedreiwer eng gewëss Flexibilitéit zur Verfügung, a soen: wann ze vill Laascht um Netz ass, da ginn ech eraus als Verbraucher, a verbrauche manner wärend där Zäit, du kanns mer kuerzfristeg Bescheed soen, an da fueren ech meng Consommatioun erof."

An dësem Fall géif een och fir d'Flexibilitéit belount ginn a mat enger gewësser Zomm entschiedegt ginn.