Radioen

On air

De Weekend  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Schockmel: Ech erwaarden datt Regierung Recommandatiounen opgräift

Avis iwwer Covid19-Impfflicht

Gérard Schockmel: Ech erwaarden datt Regierung Recommandatiounen opgräift

D'Regierung misst hir Verantwortung iwwerhuelen an Ambitioune fir Popularitéit an den Hannergrond stellen, seet den Dr. Gérard Schockmel. Et wier fährlässeg, fir d'Recommandatioune vun den Experten net ze iwwerhuelen.

auto_stories

3 min

Gëschter huet den Experte-Grupp säin aktualiséierten Avis iwwer d'Covid19-Impfflicht virgestallt. Ee vun de fënnef Membere vu dësem Experte-Grupp ass den Dokter Gérard Schockmel, deen och Infektiolog an den Hôpitaux Schuman ass.

Impfflicht fir Leit iwwer 50

Am neien Avis gëtt ënner anerem eng Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer gefuerdert. An där Alters-Kategorie sinn nach 22,5 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg guer net oder net komplett geimpft: Méi wéi 30.000 50-järeger sinn nach guer net géint Corona geimpft, 20.000 nach net komplett.

De Gérard Schockmel erkläert, datt déi Obligatioun zäitno misst décidéiert ginn, fir datt se gräift ier déi nächst Infektiounswell am Hierscht op eis duerkënnt. Et wär fahrlässeg déi Recommandatioun elo net ze iwwerhuelen, sou den Dokter Schockmel:

"Am Prinzip ass guer keen Débat geféiert ginn iwwer eng Impfflicht während dem Joer 2021. Elo ass den Dossier opgemaach ginn, et sinn nach eng Kéier sechs Méint vergaangen. Wann elo nach weider gezögert gëtt, dann ass einfach de Wëllen net do, fir d'Populatioun mat eise Recommandatiounen ze schützen. Dat heescht da léisst een nach eng Kéier d'Populatioun an d'Messer lafen."

Impfstatut vu Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur

Eng aner Haaptfuerderung am Avis vun den Experte betrëfft den Impfstatut vun de Mataarbechter am Gesondheets- a Fleegesecteur. Hei gëtt keng obligatoresch Impfung fir d'Personal gefuerdert, obschonn den Impftaux ënnert hinne ganz niddereg ass.

Allerdéngs sollten d'Mataarbechter:innen do kënne forcéiert ginn ze soen, ob se geimpft sinn oder net, verlaangen d'Experten. Et kéint net sinn, datt d'Personal sech do hanner dem Secret médical verstoppe kann, sou den Dokter Schockmel:

"Mir soen dat zanter iwwer engem Joer, mir ginn ignoréiert. Dat heescht hei gëtt d'Recht vun enger professioneller Persoun, fir net de Patron an d'Institutioun z'informéiere ob se geimpft ass oder net, iwwer d'Recht vum Vulnérabele, vum Patient, op kierperlech Onversehrtheet gestallt. Also ech si kee Jurist, mee dat muss ee mer erkläre, wéi een déi dote Prioritéit hikritt."

Regierung muss fir den Hierscht preparéieren

D'Regierung hätt d'Flicht, elo déi néideg Virkéierungen ze treffe fir datt eng eventuell méi uerg Covid-Well am Hierscht d'Land net onvirbereet trëfft. Hien erwaart, datt d'Recommandatioune vun den Experten opgegraff ginn:

"Ech erwaarde mir [...] datt do wierklech déi dräi Parteien hir Verantwortung iwwerhuelen, an iergendwellech Ambitioune vu Popularitéit emol an den Hannergrond verdrängen, fir wierklech ze soen: OK, mir mussen elo Préparatiounen treffe fir de Fall wou méi eng geféierlech Well op eis duerkënnt. [...] Allles anescht wéisst ech net wéi dat kéint justifizéiert ginn."