Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: Impfflicht aktuell net ze justifizéieren

Covid19

Sam Tanson: Impfflicht aktuell net ze justifizéieren

Déi gréng Justizministesch Sam Tanson war haut Invitée vum Dag. Een Thema wat ugeschwat gouf war d'Covid19-Impfflicht, déi d'Sam Tanson am Moment net fir justifizéiert gesäit. Den Avant-projet de loi iwwer d'Aféierung vun enger obligatorescher Impfung wär awer prett, sou d'Justizministesch.

auto_stories

2 min

D'Justizministesch Sam Tanson war haut Invitée vum Dag.

Eng Impfflicht wär an der aktueller Situatioun net ze justifizéieren, mengt d'Justizministesch Sam Tanson. D'Experten, mat deenen d'Regierung sech de Muergen nach eemol ënnerhält, géifen hir Recommandatioun mat Projektioune begrënnen, vun deenen een net wéisst, ob se iwwerhaapt antrieden.

Aktuell Situatioun géif Impfflicht net rechtfäerdegen

Stand haut wier d'Verhältnisméissegkeet allzäit net gi fir "esou e graven Aschnëtt an déi perséinlech Fräiheet ze rechtfäerdegen". Et wier een hei an der Matière vun de fundamentale Grondrechter, esou d'Sam Tanson, an et géif net ëm eng politesch Vermëttlung goen:

"A wann een esou eng Decisioun hëlt wéi déi doten, wou et wierklech drëms geet e graven Aschnëtt ze maachen an d'Decisioun vum Eenzele sech impfen ze loossen, eng Sprëtz ze kréien oder net: Dat ass net eng Fro vu Politik oder net, et ass eng Fro vu Justifikatioun vu Verhältnisméissegkeet. Déi muss garantéiert sinn. A wann déi net garantéiert ass, da kënne mir esou e Gesetz net stëmmen.

Avant-projet de loi ass prett

Den Avant-projet de loi iwwer d'Aféierung vun enger obligatorescher Impfung wär awer prett, sou d'Justizministesch: E kéint also ganz séier an der Chamber deposéiert ginn, wann d'Regierung dat sollt decidéieren. Eng Optioun wär awer och, do virdrun nach den Avis vum Staatsrot ze froen, erkläert Si:

"Den Text kéint elo op den Instanzewee goe wann dat d'Decisioun de Muerge vum Regierungsrot wär. Mir kéinten natierlech och higoen, a soen: Mir wëllen elo mol de Staatsrot froen, fir dass en eis op d'mannst emol op den technesche Voleten eng juristesch Analys dovunner mécht, fir ze kucken ob mer do schonn den Text kënnen esou wäit prett maache wéi néideg, fir en dee Moment ze stëmme wou et muss sinn."