Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grousst Potential vu Sonnenenergie zu Lëtzebuerg

Energietransitioun

Grousst Potential vu Sonnenenergie zu Lëtzebuerg

Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de President vun der Associatioun Eurosolar, de Paul Zens, wéi grouss d'Potential vu Sonnenenergie zu Lëtzebuerg ass. Hie seet och, datt d'Gemengen an dësem Beräich eng grouss Roll spille well si den Ausbau vu Solarenergie fërderen oder bremse kënnen.

auto_stories

2 min

De Paul Zens ass President vun der Associatioun Eurosolar.

Eurosolar ass eng Associatioun, déi sech sech zanter 20 Joer fir d'Energietransitioun hei am Land asetzt, also fir den Iwwergang vun den ëmweltschiedleche fossilen Energie wéi Gas a Petrol op klimafrëndlech Energien aus Sonn a Wand.

Grousst Potential vu Sonnenenergie zu Lëtzebuerg

D'Associatioun huet virgerechent, wéi grouss d'Potential vun der Sonnenenergie ass, wann een iwwerall do, wou de Buedem souwisou scho versigelt ass, Solarzellen installéiere kéint. Dat huet de President vun Eurosolar, de Paul Zens, am Interview erkläert:

"Mir hunn hei zu Lëtzebuerg ronn 250 km2 bebaute Fläch. Wann een dat ëmrechent: Grosso modo kann ee pro 30 km2 ronn 5.000 Gigawatt-Stonnen hirstellen. Dat heescht wa mir dann d'Hallschecht huelen, da si mir schonn op 20.000 GwH. An dann ass dat nach nëmmen déi Fläch, déi scho versigelt ass, wou schonn Haiser stinn."

20.000 Gigawatt-Stonne wier méi wéi d'Hallschent vum aktuellen Energiebedarf pro Joer hei am Land, wann een d'Schwéierindustrien ausklamert, esou de Paul Zens. Dee Moment zitt Eurosolar dëse Fazit: Mir kënnen et hikréien, eise ganzen Energiebedarf mat Erneierbaren ze decken - wann et eis geléngt, manner Energie ze verbrauchen.

Gemengen hu wichteg Roll

De Paul Zens huet awer och d'Roll vun de Gemengen ugeschwat a gesot, datt si ganz vill kéinte maachen, fir den Ausbau vun der Solarenergie virun ze dreiwen. Hei wier et speziell wichteg fir d'Photovoltaik als Element vun der Energietransitioun ze erméiglechen an ze implementéieren.

Dacks géife si hir Reglementer awer benotzen, fir den Ausbau éischter ze bremse wéi ze fërderen, wat hie bedauert:

"Dat huet da mat Denkmalschutz oder protégéiert-Secteur-Grënn ze dinn. Dat huet och heiansdo mat Saachen ze dinn, déi mir net richteg kënnen novollzéien. Dat gëllt z.B. och fir Wärmepompelen, déi soi-disant vill Kaméidi maachen oder net schéi wieren. An dat si Saachen, déi musse mir iergendwéi aus der Legislatioun erauskréien."