Mënscherechter Gilbert Pregno: "Esou wéi dat doten elo opgestallt ass, geet et net"

Schaarf Kritik vun der Mënscherechtskommissioun a vum OKaJu un enger Kommissioun, déi driwwer befënnt, ob mannerjäreg Refugiéen ouni Begleedung zu Lëtzebuerg bleiwe kënnen oder net. An engem oppene Bréif haten de Gilbert Pregno an de Charel Schmit un de Minister Jean Asselborn appeléiert, eppes un der Zesummesetzung vun där Kommissioun ze änneren, déi sech haut just aus Fonctionnairen an engem Vertrieder vum Parquet zesummesetzt. Do géife Psycholog:innen, Sozialaarbechter:innen oder Educateuren an Educatricen dra gehéieren, sou de Gilbert Pregno. Et wier och net fir d'éischt, datt hien déi Kritik ubruecht hätt.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Gilbert Pregno
De Gilbert Pregno ass de President vun der Mënscherechtskommissioun. (Foto: Claude Biver)

Et hätt ee schonn zougestane kritt, datt nach eng Persoun vun der société civile géif bäikommen, mee d'Kriticke géife sech doduerch net änneren, sou de Gilbert Pregno. Och de Kannerrechts-Comité vun de Vereenten Natioune wier ganz kritesch vis-à-vis vun där Kommissioun.

"Esou wéi dat doten elo do opgestallt ass, geet et net. Ech ginn net dovun aus, datt dat geännert gëtt. Well de Feelermanagement an der Politik ass eng Katastroph."

De President vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun gleeft awer net méi drun, datt sech um Text nach eppes wäert änneren.

Paradigmewiessel no laangwierege Verhandlungen

D'Regierung géif awer mat Recht behaapten, datt déi nei Gesetzer iwwer Jugendschutz a Jugendstrofrecht, déi se am Abrëll an der Chamber deposéiert huet, e Paradigme-Wiessel duerstellen. Datt d'Legislatioun an deene Beräicher no vill Hin an Hier elo endlech an Aklang mat der Kannerrechts-Konventioun bruecht gëtt, féiert de Gilbert Pregno op den Afloss vun der fréierer Presidentin vum UNO-Kannerrechts-Comité zréck. D'Renate Winter hat d'Regierung beim Ausschaffe vu béiden Texter begleet.

"Et deet mer e bësse leed, dass mir dat net hikritt hunn. Mee mir waren iergend eng Kéier och an Diskussioune verfaangen, wou et net virugaang ass. An ech begréissen da wierklech elo, dass et esou wäit kënnt. Ech muss soen, et ass en Asaz vu mir iwwer laang Zäit: Ech hat net méi geduecht, datt ech et géif erliewen. Ech sinn immens frou, awer och e Stéck rosen a verbattert, datt déi Chance net virdru geholl ginn ass fir dat ze verbesseren."

Méi zum Thema

D'UNISEC zu Dräibur
Strofrecht

De Jugendschutz soll an Zukunft vum Jugendstrofrecht getrennt ginn. D'Prioritéit soll op der Preventioun leien, Prisongsstrofe sollen nëmmen als lescht Léisung ugesi ginn, esou d'Sam Tanson.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen