Radioen

On air

De Moien  |  Chuck Berry - You Never Can Tell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes: Mir mussen eis der Decken no strecken

Steieren

Yuriko Backes: Mir mussen eis der Decken no strecken

Am Gespréich mam Maurice Molitor zitt d'Yuriko Backes hir Conclusiounen aus der grousser Steierdebatt gëschter an der Chamber. Et kéint ee sech am aktuelle Kontext keng grouss Spréng erlaben. Mee och wann eng gréisser Reform fir méi spéit wier, sou wier d'Diskussioun gëschter am Parlament awer am Hibléck dorop ganz nëtzlech gewiescht, sou d'Finanzministesch. D'Yuriko Backes seet, et sollt een sech elo op punktuell Mesure konzentréieren.

auto_stories

2 min

D'Yuriko Backes war haut Invitée vum Dag.

En Donneschdeg stoung eng grouss Steierdebatt um Programm an der Chamber - zu enger grousser Reform wäert et aktuell awer net kommen.

Net de Moment fir grouss Reformen

D'Yuriko Backes seet, datt elo net de Moment wier, fir strukturell Mesuren ze huelen an eppes un de groussen Orientatioune vum Steiersystem ze änneren.

Dat géifen all déi international Organisatiounen, dorënner och d'EU-Kommissioun, unisono soen. Et sollt een sech éischter op aner Mesure konzentréieren:

"Huelt Mesuren, déi cibléiert sinn, maacht Mesuren, déi och an der Zäit limitéiert sinn. An ech mengen dorop sollte mer eis elo konzentréieren. D'Diskussioune wéi een de System à moyen ou à long terme soll an, dovu sinn ech iwwerzeegt, och muss reforméieren: do hu mer nach Zäit."

Well fir grouss Reforme kee Sputt wier, géif et och net zu enger Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun kommen, déi de Staat 600 Milliounen d'Joer géif kaschten. D'Yuriko Backes seet, datt een an der Theorie näischt dogéint hätt et an et och gäre géif maache wann een et sech leeschte kéint:

"Mir kënnen eis dat awer elo haut net leeschten. Mir musse responsabel sinn. 600 Milliounen Euro d'Joer - net eng Kéier, mee all Joer - dat ass e ganz zolitte Montant. An deem heite Fall an an der Situatioun an där mir haut si solle mir dee Sputt, dee mir hunn, asetze fir déi, déi et wierklech am meeschte brauchen, fir deenen ënner d'Äerm ze gräifen. An net queesch duerch de Steier-Barême."

Punktuell Mesuren

Och wann et momentan zu kenger grousser Steierreform kënnt, huet d'Finanzministesch am Gespréich mam Maurice Molitor awer nach eemol déi punktuell Mesuren opgezielt, déi d'Deputéiert gëschter an enger Motioun gefrot huet an op deenen elo geschafft gëtt.

Do geet et ënner anerem ëm eng steierlech Entlaaschtung vun den Eleng-Erzéier oder fiskal Moossnamen an de Beräicher Energie a Logement.