Den ACL-Direkter Jean-Claude Juchem sot de Moien am Gespréich mam Rick Mertens: Déi ambitionnéiert Ziler an der Elektromobilitéit si gutt, awer si mussen och konkret mat Pläng beluecht ginn.
Pläng solle konkret Ziler a Mesuren hunn
Esou Pläng missten Detailer viraussetzten, wéi zum Beispill: Wéi soll d'Zuel vun den Elektro-Autoen op de Lëtzebuerger Stroossen evoluéieren? Mat wéi enge Mesure soll dës Zuel areecht ginn?
Dobäi misst een ënner aanerem de Käschtepunkt matarechnen an och verschidden Optiounen ausschaffen. Imprévuen, wéi zum Beispill de Krich an der Ukrain, kéinten nämlech Réckschlag op d'Ziler hunn, an dee Moment wier ee Plang B wichteg fir trotzdem virun ze kommen.
Néideg Infrastrukture feelen nach
Den Direkter vum ACL betount iwwerdeem och, datt e gewësse Risiko domat verbonne wier, fir alles op d'Elektro-Mobilitéit ze setzen. Hei géif een eng Ofhängegkeet vu fossile Brennstoffer mat enger Ofhängegeet vum Elektresch ersetzten.
Fir d'Pläng vun den Elektro-Autoen ze realiséieren, bräicht een och gutt Infrastrukturen - déi géifen den Ament nach feelen:
"Och wa mir zu Lëtzebuerg gutt opgestallt sinn am Verglach zu eise Nopeschlänner, muss een awer wëssen, datt an Europa d'Infrastruktur vun de Borne ganz ongläich verdeelt ass. Als Beispill: Holland huet eng 700 pro 100.000 Awunner, an an der Belsch läit ee bei 135, an a Frankraich sinn et der just 44."