Gesondheetssystem D'CNS rechent mëttelfristeg mat engem Defizit bei der Fleegeversécherung

An der Fleegeversécherung wuessen d'Depensë méi séier wéi d'Recetten. Deen Trend huet sech zejoert nees eemol confirméiert. Nach féiert déi Tendenz net dozou, datt rout Zuele geschriwwe ginn. Den CNS-President Christian Oberlé seet, datt dat awer mëttelfristeg geschéie kéint - och wann d'Leit ëmmer méi laang doheem bleiwen, an ëmmer méi spéit an en Alters- oder Fleegeheim ginn.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Christian Oberlé
De Christian Oberlé ass de President vun der Gesondheetskeess.

Krankeversécherung: Strukturell Probleemer

D'Krankeversécherung huet den Exercice 2021 iwwerdeems mat engem Defizit vu 55 Milliounen Euro ofgeschloss. D'CNS muss also hir Reserv unzapen, fir deen Déséquiliber auszegläichen. Mëttelfristeg misst ee sech awer Gedanke maachen, wéi d'Käschten an de Grëff ze kréie sinn, sou de President vun der Gesondheetskeess.

De Christian Oberlé verweist an deem Kontext op Pisten, déi um Gesondheetsdësch opgezeechent gi sinn. Natierlech hätt och Covid zu der Käschtenexplosioun bäigedroen, mee dat sollt net iwwer de strukturell Probleem ewechtäuschen, datt d'Depensen ze séier géife klammen.

Méi zum Thema

Carlos Pereira
OGBL

D'Reform vun der Reform vun der Fleegeversécherung ass den éischte September a Kraaft getrueden. D'Fleegeversécherung huet missten nodréiglech nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.

Yves Nosbusch.
Staatsfinanzen

De Lëtzebuerger Staatsbudget wäert op laang Siicht d'Sozialausgaben net méi kënnen droen, erkläert den Yves Nosbusch, President vum "Conseil National des Finances Publiques". Et misst gehandelt ginn.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen