Inflatioun DP schléisst Upassung vu Steiertabell weider aus

Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum seet, datt d'DP weider wëllt op Steierkreditter setze fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. Hie schléisst awer weider aus, datt de Steier-Barème an der aktueller Situatioun un d'Inflatioun ugepasst gëtt - de Staat kéint sech dës Mesure aktuell net erlaben.

Rick Mertens / sam

Gilles Baum IVD 4 August 2022
De Gilles Baum war haut den Invité vum Dag.

D'Upassung vum Steier-Barème un d'Inflatioun géif de Staat eng 600 Milliounen Euro d'Joer kaschten, an dat kéint de Staat sech am Moment net erlaben, seet den DP-Fraktiounschef.

De Gilles Baum ka sech awer virstellen, datt weider op Steierkreditter gesat gëtt fir d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. De Crédit d'impôt, deen am Fréijoer an der Tripartite decidéiert gouf wär "e richtegt Mëttel" fir de Leit ënner d'Äerm ze gräifen.

An deem Kontext seet den DP-Fraktiounschef hie kéint sech virstellen dee Steierkredit am Hierscht nach eng Kéier unzepassen, wann dann eng weider Indextranche géif erfalen. Am Moment wier et awer nach ze fréi fir hei genee Zuelen ze nennen, esou de Gilles Baum.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Franz Fayot
Tripartite am Hierscht

Wéinst der héijer Inflatioun déi dem Statec no dëst Joer bei 6.6 Prozent kéint leien, kéint eng weider Indextranche am leschten Trimester dëst Joer erfalen. Wat seet de Wirtschaftsminister dozou?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen