Energie Supermarchéen teste wou ka gespuert ginn

De President vun der Fédération Luxembourgeoise de l'Alimentation et de la Distribution (FLAD), de Georges Eischen, erkläert wéi d'Supermarchéen am Land momentan kucken, wéi si Energie spuere kënnen. Wéinst de Präisser vun de Liewensmëttel déi méi deier gi sinn, misst een och d'Präisser an de Butteker erhéijen.

Rick Mertens / sam

Georges Eischen
De Georges Eischen.

Déi eenzel Betriber géifen am Moment op fräiwëlleger Basis testen, wéi vill Energie si genee kënne spueren, esou Georges Eischen, de President vum Brancheverband FLAD (Fédération Luxembourgeoise de l'Alimentation et de la Distribution) a Gerant vun der Provençale.

Energie an de Killregaler spueren

Et géif zum Beispill getest ginn, op d'Tifküler an de Killregaler eventuell e puer Grad méi waarm kënnen agestallt ginn.

Wéi een am Ufank d'Tifküler ageschalt hätt, hätt een se op minus 22 Grad gesat och wa minus 18 Grad duer gaange wier, well een eng Marge de Manoeuver hätt wéilten hunn, erkläert de Georges Eischen:

"Haut muss du dir dann d'Fro stellen: Ass dat déi richteg Decisioun? Ginn net minus 18 oder minus 19 Grad och duer?"

D'Erfarungen déi bei esou Tester gemaach ginn, géifen d'Supermarchéen dann am September ënnerteneen austauschen, esou de Georges Eischen.

Liewensmëttelpräisser ginn erop

Well d'Liewensmëttel an de leschte Woche méi deier gi sinn, hätten d'Supermarchéen doduerch am Moment keen anere Choix, wéi hir Präisser an d'Luucht ze setzen, erkläert de President vun der FLAD:

"Bei ass d'Wuer selwer quasi 70 Prozent vum Wäert vun deem wat mir verrechnen. A mir kënnen net op deenen Haussë selwer sëtze bleiwen. Mir mussen se weider ginn. Mir spieren awer allgemeng, datt eis Marge liicht gefall ass iwwer dee ganze Prozess, well et och einfach Saache ginn, déi een net eent zu eent ka weider ginn."

Trotz de méi knappe Margen, mécht de Georges Eischen sech am Moment awer keng gréisser Suergen iwwer dat lafend Geschäftsjoer: Hie géif fir 2022 mat engem Benefice rechnen, och wann et nach ze fréi wär fir dee genee ze chiffréieren, esou de FLAD-President.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Müller
Liewensmëttel

De Präis vum Brout kéint ënner Ëmstänn nach eemol eropgoen, seet d'Carole Müller. D'Produzent:inne kéinten d'Hausse vun de Miel- an Energiepräisser op Dauer net eleng op hir Margen huelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen