Zoustand vun de Bëscher Dréchent: Doudeg Beem maachen de Fierschter vill Aarbecht

Déi héich Temperature suergen dofir, datt eng ganz Rei Beem an de Bëscher ofstierwen. D'Cheffin vun der Bëschverwaltung seet, dat wier mat héijem Opwand fir d'Fierschter verbonnen, well si musse reegelméisseg kucke wéi et de Beem geet a wou se mussen intervenéieren.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Martine Neuberg
D'Martine Neuberg ass Cheffin vun der Bëschverwaltung.

Wa Beem ofstierwen, da misste se deels séier geschnidde gi fir ze verhënneren, datt grouss Äscht ofbriechen, an dann op Passante falen, esou d'Martine Neuberg.

Wann déi betraffe Beem matzen an engem Bestand stinn, géif ee fir d'éischt ofschätzen, ob se kéinte fir Bëschaarbechter geféierlech ginn. "A wann dat net de Fall ass, da bleiwen déi stoen, da ginn déi zu Todholz."

Am Moment hätt een nach genuch Personal fir déi Aarbechten duerchzeféieren, et géif een d'Situatioun weider am Bléck behalen a reagéieren, wann dat de Fall misst sinn, sou d'Martine Neuberg, Cheffin vun der Bëschverwaltung.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Futtis Beem am Bësch
Reportage

Déi unhalend Dréchent déi lescht Jore sëtzt de Bëscher zou: Just 16 Prozent vun alle Beem sinn nach ganz gesond. Mir si mat der Naturverwaltung kucke gaangen, wéi d'Bëschbild sech am Ament verännert.

Kéi am Stall
Landwirtschaft

Elo scho misst hie sengen Déiere Fudder ginn, well d'Gras op de Wisen net duergeet, sou de Charel Wildgen, deen zu Fenneng 80 Mëllechkéi huet. Mee net all Betrib wier d'selwecht vun der Dréchent betraff.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen