Radioen

On air

Notturno  |  Blue Magic - Spell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Nofro an Delaie bei der Klima-Agence

Energie

Grouss Nofro an Delaie bei der Klima-Agence

Duerch den Ukrain-Krich an d'Energiekris maache méi Leit wéi jee sech Gedanken iwwer e méi Energie-effizient Doheem. Bei der Klima-Agence wär d'Zuel vu Berodungskontakter am éischten Hallefjoer ronn 30 Prozent méi héich gewiescht, wéi am selwechten Zäitraum zejoert, seet den Direkter vun der Agence, de Fenn Faber.

auto_stories

2 min

D'Klima-Agence ass eng staatlech Initiativ, also kee kommerziellen Acteur.

Jiddereen, dee Wëlles huet, säin Haus energetesch ze sanéieren oder sech eng Solaranlag um Daach installéieren ze loossen, kann do all méiglech Renseignementer kréien, éier et un déi konkret Ëmsetzung vum Projet geet.

Delaie wéinst grousser Demande

Wéinst der aktuell grousser Demande misst een den Ament awer gewëss Delaien a Kaf huelen, dat seet och den Direkter vun der Klima-Agence.

De Fenn Faber mengt awer, et sollt ee sech vun de Waardezäiten net decouragéiere loossen:

"Ech mengen, et muss een awer ufänke mam Projet. Et mécht Sënn fir awer Offeren eranzehuelen, fir ze vergläichen. Mee sécherlech gouf et Zäite wou een da méi séier konnt un de Reseau goe mat senger Anlag wéi haut."

Spuere beim Energie- a Stroumverbrauch

Ee Grad manner an der Wunneng spuert sechs Prozent Energie. Déi Fauschtreegel beim Hëtze gëtt eng relativ konkret Indikatioun, wéi een d'Rechnung méi kleng hale kann.

Beim Stroumverbrauch ass dat méi schwéier, an do seet de Fenn Faber, et géif vun den Apparater selwer ofhänken, déi een doheem hätt, an awer och wéi se géife benotzt ginn.

Do kéint een da verschidden Hiewelen identifizéieren: Den Zoustand an Energiestandard vun Apparater kéint een der der Säit oekotopten.lu nokucken, an déi Apparater identifizéieren, déi am Moment am effizientste sinn. De Stroum selwer kéint een um site calculix.lu vum ILR nokucken a vergläichen.

Perséinlech Besoinen a Fro stellen

De Fenn Faber seet awer och, et misst ee sech selwer Froen iwwer seng eege Besoine stellen:

"Brauch ech elo déi zweet Tiefkühltruh an der Garage? Brauch ech meng Sauna? Ech mengen dat sinn d'Froen, déi jidderee sech selwer muss stellen.