Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Haagen: Sozialminister kann (nach) net agräifen

Remboursementer vu Psychotherapien

Claude Haagen: Sozialminister kann (nach) net agräifen

De Sozialminister bedauert, datt hien à ce stade keng direkt Méiglechkeet huet fir op de Konflikt tëscht CNS a Fapsylux anzewierken. Dat wier frustrant, an dat wéilt hien och änneren, seet de Claude Haagen am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

D'Verhandlungen tëscht CNS a Fapsylux iwwer eng Prise en charge vun de Psychotherapië ginn an d'Mediatioun.

Eréischt wann och déi Prozedur - no maximal dräi Méint - ouni Accord op en Enn geet, kënnt de Sozialminister zum Zoch, erkläert de Claude Haagen am 100,7-Interview:

"Wa keen Accord do ass, da gesäit de Code vun der Sécurité sociale vir, datt entweder de Conseil Supérieur vun der Sécurité sociale eng Decisioun muss huelen, oder de Minister. Normalerweis hëlt de Conseil Supérieur d'Décisioun, wann eng RE-Negociatioun ass. Hei si mer an enger Negociatioun, sou datt mer nach am Gaange sinn ze analyséiere, wat mer maachen. Mee wann de Minister et bis kritt, kann ech Iech verspriechen, datt d'Decisioun relativ zügeg kënnt."

Et wier dann deemno och um Sozialminister, fir een Tarif ze fixéieren.

Exerzéieren ouni Titel? "Eng gewoten Ausso"

A wann den Tarif de Psychotherapeuten ze niddereg ass? Da kéint et gutt sinn, datt vill Psychotherapeuten op den Titel an de Remboursement verzichten, an zu de selwechte Konditioune weider schaffe wéi bis elo: dat hat d'Fapsylux-Presidentin Catherine Richard am 100,7-Interview ugedeit.

De Claude Haagen versteet dat net, wéi ee säin Titel ofginn, an awer am Beruff weider schaffe wëllt. "Fir mech ass dat och net realistesch", esou d'Ausso vum Claude Haagen.

Déi eenzeg Erklärung, déi de Claude Haagen dofir huet, ass datt een als Salarié an enger Institutioun schaffe géif, mee och da géif ee säin Titel behalen.

"Ech ka mer net virstellen, datt e Psychotherapeut, deen en Diplom huet, op eemol seet: Ech hunn elo keen Diplom méi, mee ech exerzéieren awer nach weider, an dofir kann ech meng Tariffer maachen. Dat schéngt mer awer e bëssen eng gewoten Ausso ze sinn."