Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SUDenergie verduebelt Avancen

Gas-Präisser

SUDenergie verduebelt Avancen

De Gas-Fournisseur SUDenergie beliwwert 38.000 Stéit - dëst bis elo ouni staark Präishaussen an de leschte Méint. Dat wäert sech den 1. Oktober änneren, well da ginn d'Avancë méi wéi verduebelt. Den Alain Fürpass, den Direkter vu SUDenergie, erkläert, wéi dës Situatioun de Fournisseur selwer an hir Clientë betrëfft.

auto_stories

2 min

D'Clientë vu SUDenergie, déi déi Krichs-bedéngt Explosioun vum Gas-Präis bis elo nach net ze spiere kruten, hu fir den 1. Oktober eng zolidd Hausse vun hiren Avancen ugekënnegt kritt: den Tarif wäert dann ëm 110 Prozent erop goen, also méi wéi verduebelt ginn.

SUDenergie beliwwert 38.000 Stéit zu Lëtzebuerg, wat 49 Prozent ausmécht vun all de Stéit déi Gas geliwwert kréien.

SUDenergie profitéiert net vun der Hausse

Den Direkter vu SUDenergie, den Alain Fürpass, erkläert datt d'Rechnung vun engem Duerchschnëtts-Client mat engem Verbrauch vun 2.700 Meterkibb pro Joer vun 2.400 op 5.300 Euro klëmmt.

Den Alain Fürpass ënnersträicht, datt seng Gesellschaft absolut net vun dëser Augmentatioun profitéiert an hier Marge net géif klammen. Berichter vu grousse Konzerner oder internationale Betriber, déi aus der aktueller Situatioun ee grousse Gewënn géife schloen, géifen absolut net op SUDenergie zoutreffen:

"Ech verweisen do och op eist Aktionariat, wat 14 Gemenge sinn. Mir si schonn e ganz soziale Betrib, a mir versiche wierklech dem Client dee beschtméigleche Präis unzebidden, dee mer kënnen."

Net jidderee kann déi nei Präisser bezuelen

Den Direkter vu SUDenergie geet och dovun aus, datt d'Hausse net fir jidderee vun den 38.000 Clienten ze stemmen ass, an et ee vill méi Clientë wäert hunn, déi Schwieregkeeten hunn, fir déi nei Präisser ze bezuelen. Et wier e ganz sozial, esou den Alain Fürpass, an et géif een ëmmer versichen, fir mat esou Clienten eppes auszeschaffen.

Den Alain Fürpass weess awer och, datt et Fäll géif ginn, wou et guer net méi géif goen:

"An dofir wäerte mir och déi nächst Wochen op d'Office-sociallen zougoen, fir mat hinnen ze kucken, wéi mir kënnen eis Aarbecht optiméieren a Leit direkt dohinner dirigéieren."

Den Direkter vu SUDenergie ënnersträicht och, datt de Gas-Fournisseur ganz reaktiv wier: wann de Präis um Marché erofgeet, géif den Tarif awer och ganz séier erëm adaptéiert a reduzéiert ginn, esou den Alain Fürpass.