Radioen

On air

Notturno  |  Rob Moose - Marvel Room Feat. Bon Iver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viviane Reding: "Politik maachen, fir eppes ze beweegen"

Invitée vum Dag

Viviane Reding: "Politik maachen, fir eppes ze beweegen"

Si war EU-Kommissärin, souz laang am Europaparlament, a war zulescht och nees als national Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Mee elo ass Schluss. D'lescht Woch huet d'Viviane Reding matgedeelt, datt si sech Enn dës Mount, no méi wéi 40 Joer, aus der aktiver Politik zréckzitt.

auto_stories

2 min

D'CSV-Politikerin ënnersträicht, datt si d'Decisioun, sech zeréckzezéien, vu sech aus an aus fräie Stecker geholl hätt. Si wier also net dozou gedrängt ginn.

Plaz maachen, fir anere méi Visibilitéit ze ginn

Et wär scho laang kloer, datt si kee weidert Chambermandat méi wéilt ustriewen. D'Decisioun wier ganz kloer gewiescht, datt si 2023 net méi mat an d'Wale wéilt goen - dunn hätt d'Fro sech gestallt, wat dat deontologesch richteg wier fir sech zeréckzezéien:

"An ech hu mer geduecht, fir engem Nofollger e ganzt Joer ze ginn, fir sech an der Chamber en Numm ze maachen, dat wär richteg. Also: fir d'Rentrée parlementaire am Oktober sinn ech net méi derbäi!"

Et ass d'CSV-Co-Presidentin Elisabeth Margue, déi dann an der Chamber d'Mandat vum Viviane Reding iwwerhëlt.

Politik maachen, fir eppes ze beweegen

2018 war d'CSV-Politikerin, no ville Joren als EU-Kommissärin an Europadeputéiert, vu Bréissel zeréck op Lëtzebuerg komm, wou si och an d'Chamber gewielt ginn ass.

Si widdersprécht der Duerstellung awer och net, datt si net méi richteg an der nationaler Politik ukomm ass:

"Ech sinn een, dee Politik mécht fir eppes ze beweegen. Ech hunn dat iwwer meng ganz Karriär gemaach, an haaptsächlech natierlech wéi ech d'Fiedem an der Hand hat, wéi ech an der Kommissioun war, wou ech konnt eppes an d'Weeër leeden. Fir mech ass Politik eng Analys maachen, feststelle wat d'Problemer sinn, an ausdenke wat d'Léisunge kënne sinn, an da mat aneren zesummen déi Léisungen an d'Praxis ëmsetzen. Wann een an der Chamber an der Oppositioun setzt, bréngt een iwwerhaapt näischt op de Wee."