Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Gréng fuerderen eng "Solidaritéitssteier"

Josée Lorsché

Déi Gréng fuerderen eng "Solidaritéitssteier"

Déi Gréng Fraktiounscheffin seet, et wier realistesch datt nach virun de Walen eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, déi de Steiersystem méi gerecht maachen. Un eng grouss Steierreform géif si zwar net méi gleewen, esou d'Josée Lorsché.

auto_stories

2 min

Och wa si net méi un grouss Steierreform géif gleewen, sot d'Josée Lorsché de Moien op der Antenn, datt nach virun de Chamberwale verschidde wichteg Steier-Mesure kéinte realiséiert ginn.

Wärend der Pandemie hätt ee festgehalen, datt d'Steierreform géif ausgesat gi well ee mat ganz anere Problemer konfrontéiert war, an duerno wier de Krich an der Ukrain komm.

D'Fraktiounscheffin vun Déi Gréng seet, datt et elo géif drëm goe fir ze kucken, wat bei der Steierreform alles méiglech wier.

"Mir bréngen all eis Iddien eran"

Déi Gréng géife sech zum Beispill eng "Solidaritéitssteier" wënschen, déi an der Kris Suen an d'Staatskeess bréngt - well wann ee Sue bräicht, misste jo och Recette rakommen, esou d'Josée Lorsché:

"Mir kéinten eis och virstellen, datt de Mindestloun nach e bësse méi héich kéint klamme wéi déi 3,3 Prozent, déi elo ugekënnegt sinn. D'Primm "Energie" kann och nach eng Kéier iwwerduecht ginn. Wéi gesot: Mir bréngen all eis Iddien eran."

Datt mat der DP e Koalitiounspartner vun Déi Gréng bis elo all Steiererhéijungen ausschléisst, wollt d'Josée Lorsché net kommentéieren: Déi Gréng kéinte just hir Virschléi an d'Diskussioun abréngen, an da kucke wéi eng Kompromësser méiglech sinn.