Reform vun der Grondsteier Antoine Paccoud: Mobiliséierungssteier wäert Friichten droen

?De Fuerscher vum LISER, Antoine Paccoud, gleeft drun, datt déi nei Mobiliséierungssteier Friichte wäert droen. Der Propos vun der Regierung no soll jo an Zukunft - als Beispill - ee Propriétär vun engem Terrain vu sechs Ar zu Miersch, ronn 23.000 Euro Steieren d'Joer musse bezuelen, wann en no 20 Joer säi Grondstéck nach ëmmer net bebaut huet. Geet dat wierklech duer, fir bei deenen, déi Bauland zeréckhalen, een Ëmdenken ze erreechen.

Christiane Kleer (Interview) / Chris Zeien (Web)

Antoine Paccoud 2
Den Antoine Paccoud ass Fuerscher beim LISER.

De Geograf Antoine Paccoud mengt jo, well de Probleem, am Beispill bei engem Terrain zu Miersch, net beim relativ klengen Terrain läit.

"Il faut remettre les choses un peu en perspective: on parle ici d'un terrain qui est certes grand, assez pour une grande maison avec un petit jardin. Mais si on prend ces chiffres-là et qu'on réfléchit si le propriétaire en question avait par exemple un terrain constructible où on pourrait construire des maisons, des appartements, disons un terrain d'un hectar, donc presque quinze fois ça en termes de surface, on peut tout de suite voir que les montants pourraient être rapidement beaucoup plus élevés et ça pour des cas de figure qui intéressent finalement l'impôt de mobilisation, qui sont des grands terrains qui ne sont pas encore mobilisés pour la construction de logements."

Eng Logik gëtt gebrach

De Chercheur vum LISER schwätzt vun enger "neier Zäit" déi géif agelaut ginn. D'Logik aus de leschten 150 Joer, an deenen ongebremst Grondbesëtz konnt accumuléiert ginn a grouss Ongläichheeten entstane sinn géif gebrach ginn. De geplangten Abattement fir Proprietären, déi Kanner ënner 25 Joer hunn, fënnt hie sënnvoll fir kleng Bauland-Besëtzer.

"Je pense que cet abattement fait sens pour des familles qui ont un grand jardin, qui ne veulent pas que ce jardin soit trop taxé ou un petit terrain qu'ils gardent, mais en termes de surface, la grande majorité des surfaces est détenue par des grands propriétaires fonciers, pour qui cet abattement ne fait pas de sens."

Méi zum Thema

Steieren
Pressekonferenz

Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, gëtt d'Grondsteier reforméiert - éischt Detailer goufen de Moien presentéiert. D'Reform soll e weideren Hiewel sinn, fir d'Logementspräisser an de Grëff ze kréien.

DP Fraktiounsbilan
Steierpolitik

No Meenung vun der DP-Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen