Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gi keng Tabuen an der Steierpolitik"

Xavier Bettel

"Et gi keng Tabuen an der Steierpolitik"

De Xavier Bettel ass motivéiert fir och no de Walen an engem Joer Premier ze bleiwen: D'Motivatioun an d'Loscht fir déi Aarbecht ze maache wären do, esou de Staatsminister de Moien op der Antenn. Wa seng Partei dat wéilt, géif hien also d'nächst Joer als Spëtzekandidat fir d'DP an d'Wale goen.

auto_stories

2 min

De Staastminister Xavier Bettel.

Déi dräi Regierungsparteie géifen an de nächste Méint weider no "pragmatesche Léisungen" sichen, an déi och ëmsetzen, wann de néidege finanzielle Spillraum do ass, esou de Staatsminister.

Ee Beispill wier d'Steiererliichterung fir déi Elengerzéiend, déi d'Regierung dës Woch annoncéiert huet.

Zukünfteg Steiererliichterungen net ausgeschloss

Et wier méiglech, datt an de nächste Méint nach Steiererliichterungen dobäi kommen, esou de Xavier Bettel. Weider Detailer huet hien awer net ginn:

"Et gi verschidde Modeller. [...] Fir d'DP gëtt et keen Tabu, wann ee kuckt fir déi kal Progressioun, wéi se dann och genannt gëtt, oder eng gewëssen Adaptatioun vun der Steiertabell och ze maachen. D'Madamm Backes seet: Wa Sputt do ass, da mécht si et. An ech trauen der Madamm Backes."

Steiererhéijunge fir Betriber a Leit, déi vill verdéngen, schléisst de Premier och net grondsätzlech aus. De Xavier Bettel weist sech hei awer skeptesch, well d'Lëtzebuerger Wirtschaft dorënner géif leiden.

Motivatioun fir weider Premier ze bleiwen

De Xavier Bettel ass motivéiert och fir no de Walen an engem Joer Premier ze bleiwen: D'Motivatioun an d'Loscht fir déi Aarbecht ze maache wieren do, esou de Staatsminister.

Wa seng Partei dat wéilt, géif hien also d'nächst Joer als Spëtzekandidat fir d'DP an d'Wale goen:

"Ech si voll motivéiert, a voller Energie a Loscht. Et ass eng Éier déi Funktioun kënnen auszeüben. Et ass e Contrat à Durée déterminée fir all 5 Joer."