Sozialsystem Ginette Jones: "Aarmut mécht midd"

Sozial Hëllefen ënnerstëtzen d'Leit beim Iwwerliewen, mee déi laangfristeg Prekaritéit huet een Impakt op d'Gesondheet vun de Leit, seet d'Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

Carole Schimmer (Interview) / Chris Zeien (Web)

Ginnette Jones
D'Ginette Jones ass Presidentin vun der Entente des offices sociaux.

"D'Aarmut mécht midd", seet d'Ginette Jones. Et kéint sinn, datt ee finanziell sou just genuch hätt, fir iwwer d'Ronnen ze kommen, mee datt een duerch déi sozial Situatioun en extreem beschwéierlechen Alldag erlieft.

"[...] Wann ech elengerzéiend Papp oder Mamm sinn, zwee Kanner hunn, vu Wolz an d'Stad schaffe kommen, lo geet och den Zuch net méi... Ech muss meng Kanner Mueres zu Wolz bei d'Dageseltere bréngen, dono klammen ech an den Zuch, deen elo nach méi laang brauch bis an d'Stad. Ënnerwee maachen ech mer meng Gedanken, wat ass hei wat ass do...? Aarmut mécht midd!"

Administratioune brauchen "soziale Reflex"

D'Ginette Jones mengt awer, datt d'Administratiounen, dorënner d'Ministèren, méi pro-aktiv vis-à-vis vun deene Leit misste sinn, déi eventuell Hëllef brauchen. Dofir wier et wichteg, datt och aner Administratiounen een "soziale Reflex" hunn an eligibel Leit a Richtung Office Social guidéieren.

"De soziale Lift fonctionnéiert net méi"

De soziale Lift géif mëttlerweil och net méi funktionéieren, sou d'Ginette Jones. Fréier hätten och Famille mat klengem Akommes Accès op de Wunnengsmaart kéinte kréien. Dat wier haut awer net méi sou einfach méiglech.

"Wann dir virun 20-30 Joer och um soziale Limitt gelieft hutt, da konnt dir iech awer vläicht nach verbesseren. Dir konnt nach eppes op d'Säit setzen..."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Reckinger.jpg
Caritas

No der Ried zur Lag vun der Natioun fënnt d'Carole Reckinger vun der Caritas, datt d'Regierung net wäit genuch geet, fir d'Aarmut ze bekämpfen, an datt just wéineg konkret Mesurë genannt goufen.

Ginette Jones
Sozialhëllef

D'Präisser klammen an d'Office-socialle rechnen an de nächste Méint mat méi Ufroen. Et kéint och zu personellen Enkpäss kommen, wa bannent kuerzer Zäit vill Demandë bäikommen, seet d'Ginette Jones.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen