Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mieterschutz kritiséiert d'Reform vum Bail à Loyer

Logement

De Mieterschutz kritiséiert d'Reform vum Bail à Loyer

Mam neie Gesetz iwwer de Bail a Loyer kann ee generell liewen, well d'Limitte vum Loyer erof gesat ginn, esou de Fabio Spirinelli vun der Mieterschutz asbl.

auto_stories

2 min

D'Roll vun de Mietkommissioune misst awer iwwerduecht ginn. Do kënne Locatairen eng gratis Mediatioun ufroen, wa se net mam Loyer averstane sinn. Se funktionéieren awer net gutt a misste professionaliséiert ginn. D'Mietkommissioune bräichte méi Kompetenzen an et misst eng Plaz geschaf ginn bei där sech Locatairë kënne weider informéieren, esou de Fabio Spirinelli.

Rechemodell mat Faillen

De Mieterschutz kritiséiert och den neie Rechemodell, dee viru Kuerzem vum Logementsminister virgestallt gouf. Dee géif zum Deel de Contraire vun deem provozéieren, wat en eigentlech sollt. Bei Acquisitiounen déi scho méi laang zeréckleien, géif d'Limitt vum legale Loyer mam neie System souguer nach an d'Luucht goen.

"Fir iech ee Beispill ze ginn, wann Dir eng Wunneng 1980 kaf hutt, an Dir hutt ni dran investéiert, an dir hutt dat an d'Locatioun ginn 2021, da kënnt Dir ee Loyer froen, deen zwee bis dräi Mol méi héich ass par Rapport zum aktuell legale Loyer. Mir verstinn och net déi Logik déi hannendrun ass, datt een dee Rechemodell huet missten änneren."

En aneren Ëmgang mat der Garantie locative

Probleemer gesäit de Mieterschutz och a Punkto Garantie locative, déi Proprietären net ëmmer séier rembourséieren. De Vertrieder vum Mieterschutz plädéiert fir eng Zort Instanz, déi d'Garantie locative treihänneg geréiert. "A wann da wierklech ee Problem ass, da kann de Proprietär dohinner goen a soen 'do ass ee Problem an der Wunneng, do wëll ech déi Zomm vun der garantie locative ofzéien'."